arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Asiatesch Runn setzt Hunnegbeien an Imker:innen ënner Drock

Invasiv Aart

|
headphones

5 min

headphones

6 min

play_arrow

D'Asiatesch Runn setzt Hunnegbeien an Imker:innen ënner Drock

D’Beievëlker zu Lëtzebuerg stinn ëmmer méi ënner Drock duerch déi Asiatesch Runn. Déi invasiv Aart ass zënter e puer Joer eng vun de gréisste Gefore vun den Hunnegbeien.

headphones

5 min

headphones

6 min

play_arrow
Beiestack | © Carole Schimmer
Beiestack (Foto: Carole Schimmer)

Lescht Joer sinn zu Lëtzebuerg ronn 16 Prozent vun de Beievëlker verluer gaangen. Dat si bal duebel sou vill wéi an de Jore virdrun. Dat geet aus enger Äntwert vum CSV-Ëmweltminister Wilmes an der CSV-Landwirtschaftsministesch Hansen op eng parlamentaresch Fro ervir. Wéi vill vun de Verloschter wierklech op d’asiatesch Runn zeréckzeféieren ass, ass onkloer. Kloer ass dogéint: d’Imker rechnen an Zukunft mat méi Problemer wéinst der invasiver Aart.

D’Imker:inne sinn d’Leed gewinnt: Laang Jore war d’Varroamilb déi gréisste Gefor fir d’Beien. Si gräift d’Beien an d’Larven am Beiestack un an iwwerdréit sou Krankheeten. Mëttlerweil wier dës Gefor awer ënner Kontroll, well déi meescht Imker:inne opgekläert sinn.

Manner Verloschter duerch d'Varroamilb

Et hätt een dofir net méi sou vill Verloschter duerch d’Varroamilb erkläert d’Alexandra Arendt, Presidentin vum Imkerverband FUAL. Varroamilb ass an den 80er Jore fir d‘éischt festgestallt ginn. Deemools war dat een neie Problem, op deen een net virbereet war.

"A wou se jo och keng Suergen hu misste maachen. Dat heescht, si hunn net do drop opgepasst."

Hunnegbeien ideal Narungsquell fir Asiatesch Runnen

Knapps hätt een déi eng Gefor am Grëff, wier mat der Asiatescher Runn déi nächst Gefor opgedaucht. Fir d’éischt an Europa war se 2004 a Frankräich gesi ginn. No an no huet se sech dunn an de franséischen Nopeschlänner ausgebreet. 2020 gouf d’asiatesch Runn, déi vun der EU als invasiv Aart klasséiert ass, dann eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg entdeckt. Si gräift virun allem d’Hunnegbeien un, well déi eng ideal Narungsquell wieren erkläert de François Kraus vun der ASTA. 

D’Presidentin vum Imkerverband Alexandra Arendt erkläert, datt d’Asiatesch Runn virop an der zweeter Hallschent vum Summer virun de Beiennäschter géif patrulléieren, wat fir d’Beievëlker e grousse Problem ass.

"Si probéieren natierlech dann och iergendwann eranzegoen, wann den Drock vun de Beienz e grouss gëtt, oder wann déi dat net méi kënnen ofwieren, da gi se ran."

"Maulkierf" fir datt d'Runnen net an d'Näschter kommen

Eng Kéier am Nascht gräifen d’Runnen d’Beien un. 2024, kruten d’Imker eng éischte Kéier richteg Problemer mat der asiatescher Runn, well een nach net wierklech op déi Gefor virbereet war. Lescht Joer hätt d’Federatioun vun den Imker du probéiert d’Imker:innen iwwert d’Gefor opzeklären a Falen ze verdeelen, fir d’Beie géint d’Asiatesch Runn ze schützen.

"Dee Moment kann een zum Beispill sougenannte Maulkierf opsetzen. Also vir bei d'Fluchlächer vun de Beievëlker. Dat ass einfach fir ze verhënneren, datt d'Asiatesch Horniss sech net direkt den Zougang an d'Vëlker era mécht."

Eng aner Method fir d’Populatioun vun der asiatescher Runn méiglechst kleng ze halen, wier fir hir Kinniginnen ofzefänken, fir datt déi keng Näschter méi mécht. Oder et misst een d’Näschter ewech maachen.

Imker:inne fille sech am Stach gelooss

Op den ëffentleche Plazen ass d’Naturverwaltung dofir zoustänneg. Mëttlerweil géif et awer ze vill Näschter ginn, esou de François Kraus. 

"Et kritt een ëmmer nëmmen en Deel vun deenen Näschter an déi aner ginn duer, fir datt d'Populatioun awer weiderwiisst."

Well d’Naturverwaltung awer just op ëffentleche Plazen intervenéiert fillen d’Imker:inne sech am Stach gelooss, erkläert d’Presidentin vum Imkerverband Alexandra Arendt.

"Dat huet schonn zu Frust, besonnesch bei den Imker geféiert, well si awer grad déi waren, déi och mol och bei Schoulen oder bei Noperen oder esou Näschter ewech maache gaange sinn, privat, also op eegen Initiativ bei d'Leit."

130.000 Euro zejoert verluer

Souwuel beim Imkerverband wéi bei der ASTA geet een dovun aus, dass de Bestand un Asiatesche Runnen dëst Joer weider wiisst. Fir d’Imker:innen géif dat zousätzlech finanziell Verloschter bedeiten. Eleng lescht Joer hätt een duerch d’Asiatesch Runn ronn 130.000 Euro verluer, schätzt d’Alexandra Arendt.

"Also dat ass reng elo de Verloscht. Do ass net, datt mer et eebe Fale kaaft hunn, datt mer e Schutz bei eise Vëlker eeben opsetzen, datt mer vläicht och zousätzlech musse fidderen."

D’Presidentin vum Imkerverband kéint sech virstellen, datt d’Imker:inne fir déi Verloschter kompenséiert ginn. Op alle Fall wéilt een net eleng gelooss ginn, seet d’Alexandra Arendt. Éischter kéinten d‘Imker:innen an hiren Aen ee wichtegen Acteur sinn, fir ze hëllefen, wann dann och d‘Ënnerstëtzung kënnt.

play_arrow Lauschteren