arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Ambiance bannent der CSV-DP-Koalitioun wier gutt, esou d'DP-Presidence

Neijoerschreceptioun

|
headphones

2 min

D'Ambiance bannent der CSV-DP-Koalitioun wier gutt, esou d'DP-Presidence

Et hätt net u gesellschaftspolitesche Reformen a Projete bannent deem leschte Joer gefeelt, huet d'DP-Parteipresidentin Carole Hartmann gëschter um Dënschdeg um Neijoerschpatt vun der demokratescher Partei betount. Aarmutsbekämpfung, Familljepolitik, mee och d'Steierreform huet si ervirgehuewen.

headphones

2 min

© MAE Luxembourg
(Foto: MAE Luxembourg)

Endlech hätt een elo mam Koalitiounspartner CSV de Projet vun der eenheetlecher Steierklass konkretiséiert. Kee soll duerch déi Reform méi Steiere bezuele mussen an d'Famille mat Kanner kéimen net schlecht ewech, huet d'DP-Parteipresidentin Carole Hartmann betount. D'Kanner géifen awer net just mat de Steieren ënnerstëtzt ginn, mee an der Haaptsaach mam Kannergeld. 

"An do sinn ech immens frou och, datt de Max Hahn och schonn am Kader vum Aarmutsplang - well do geet et jo ëm d'Bekämpfung vun Aarmut - eng Augmentatioun vum Kannergeld annoncéiert huet, wou mir effektiv eis Kanner stäerken, all Kand stäerken."

Net just d'Kannergeld géif gehuewe ginn, esou d'Carole Hartmann, och d'Allocation de rentrée scolaire an d'Allocation de naissance, dee véierte Pilier. 

Gutt Stëmmung an der CSV-DP-Koalitioun

D'Ambiance bannent der CSV-DP-Koalitioun wier iwwerdeems gutt, huet den DP-Ausseminister Xavier Bettel betount. Et géif ëmmer op hien a seng Relatioun mam Premier Luc Frieden gekuckt ginn an et géif un hirer Relatioun gezweiwelt ginn. 

"Nee, mir ginn eens. Mir hunn e Koalitiounsaccord zesummen ënnerschriwwen, deen och eis Handschrëft mat op deene villen Dossieren och dréit, wou mir eis gëeenegt hu bis 2028 eng Regierung wëllen ze hunn a Stabilitéit ze hunn." 

Keng Megaphonspolitik vum Xavier Bettel

Als Ausseminister huet de Xavier Bettel iwwerdeems déi aktuell international Situatioun bedauert a säin eegene Stil verteidegt. 

"An da kréien ech heiansdo de Virworf gemaach, ech hätt keng 'Megaphons-Aussepolitik', déi ech géif maachen an ech misst vill méi haart jäizen. Fir mech ass Aussepolitik déi, wou ee fäerdeg bréngt op enger diskreeter Aart a Weis Saache probéiert ze reegelen, amplaz wëllen ee vis-à-vis vun dem anere fäerdeg ze maachen."

D'DP wäert sech och an Zukunft fir de Respekt vun de Wäerter engagéieren, déi d'Fundamenter vun der DP duerstellen, huet de Xavier Bettel och nach ënnerstrach.