Mam Urteel vu Münster ass de jorelaange Justizsträit tëscht der AfD an dem Verfassungsschutz zwar nach net eriwwer, mee en huet säi virleefegen Zenit erreecht. Schonn zënter 5 Joer huet den däitschen Inlandsgeheimdéngscht d’Partei am Bléck. Zënter 2021 klasséiert de Verfassungsschutz d’AfD als extremistesche Verdachtsfall an. Dogéint huet d’Partei deemools geklot, bis elo awer op all Niveau vun der Justiz verluer.
Pläng déi net mam däitsche Grondgesetz ze arrangéieren sinn
An der Argumentatioun vum Geriicht vu Münster heescht et, et géif genuch Hiweiser dorops ginn, datt d’AfD effektiv Pläng géif verfollegen, déi net mam däitsche Grondgesetz ze arrangéieren sinn. Dozou géif gehéieren, datt d’AfD Leit mat Migratiounshannergrond wéilt diskriminéieren.
An den ostdäitsche Bundeslänner Thüringen, Sachsen a Sachsen-Anhalt gëtt d’AfD iwwerdeems vum Verfassungsschutz, vun deene Länner, schonn als geséchert rietsextrem agestuuft.
En Zeeche fir d'Demokratie
Déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser, SPD, sot an enger Reaktioun, d’Urteel géif weisen, datt Däitschland eng Demokratie wier, déi sech kéint wieren. D’Instrumenter géint Menacë vu banne géifen agesat ginn. Dat hätt en onofhängegt Geriicht elo confirméiert.
D’AfD huet nom Urteel vun haut schonn annoncéiert, déi nächst Instanz unzesteieren. Dat wier dann d’Bundesverwaltungsgeriicht zu Leipzig. D’Partei hat an de leschte Méint probéiert, de Prozess zu Münster mat alle méigleche Motiounen an d’Längt ze zéien. Et ass dovun auszegoen, datt dat och weider probéiert gëtt. De Justizsträit tëscht AfD a Verfassungsschutz kéint also nach e puer Joer weidergoen.