E grousse Public, vill Musek an eng gutt Ambiance gehéiere bei de BMX-Flatland. Et ass eng beléifte Vëlosdisziplin. Eng Mëschung tëschent Sport, Danz an Akrobatik. E bësse wéi Breakdance, mee op zwee Rieder. Dat alles um BMX-Vëlo, dee méi kleng ass, méi liicht, an un de Rieder op de Säite Staangen huet, fir sech drop ze stäipen.
Hei gi keng héich Vitessen, keng Spréng, mee et gi just Figuren um BMX-Vëlo op enger flaacher Fläch virgeféiert. An eigentlech gëtt et just ee Verbuet, nämlech de Fouss op de Buedem ze setzen. Notéiert gëtt vun enger dräi-käppeger Jury engersäits d'Feelerquot, mee och d'Originalitéit vun de Figuren an d'Vitess, mat där se ausgeféiert ginn.
Mat am Public war e Samschdeg den Owend och de Fransous Christophe, deen zu Lëtzebuerg schafft. Hie selwer fiert BMX-Flatland. Hien ass fir dëst Event komm, well hien d'Elite, déi hei um Rendez-vous ass, bewonnert.
"Faut pas oublier que ce sont des heures et des heures de pratique, de chute à comprendre. Où est-ce qu'il faut mettre le pied? Où est-ce qu'il faut mettre la main? On ne se rend pas compte. Moi, je vous dis, j'en fais depuis 40 ans, je n'ai pas le même niveau, bien sûr, mais tout le reste qu'il fait pour eux."
Eng Victoire fir de Favorit
Um Depart an der Final e Samschdeg ware 4 Fraen an 8 Männer.
Bei de Männer gewënnt de Fransous Matthias Dandois. Net fir d’éischte Kéier iwwregens, an hie war iwwerglécklech.
"C'est incroyable de gagner une fois de plus les championnats d'Europe. C'est mon troisième titre d'affilée et le faire ici au Luxembourg, qui accueillait pour la première fois la compétition devant un public, qui était en folie dans un lieu magnifique, aux Rotondes, qui allie l'art et le sport avec tous mes amis."
Et ass dem Matthias Dandois säin drëtten europäesche Meeschtertitel an hie war bis elo 9 Mol Weltmeeschter.
Bei de Fraen huet d'Ungarin Anna Mondics d’Goldmedaile gewonnen.
D'Disziplin BMX Flatland gëtt vun der internationaler an der europäescher Vëlosfederatioun unerkannt, allerdéngs ass et nach ëmmer keng olympesch Epreuve, am Géigesaz zum BMX-Freestyle, wou et op der Pist Rampe ginn.
Europameeschterschaft als Kick-off Event
Zu Lëtzebuerg wëllt de Coorganisateur vum Event, de Viki Gomez, deen och hei lieft, déi Aktivitéiten entwéckelen. Do feelt et nach u Strukturen, seet seng Fra a Managerin, d'Alexandra Gobran.
"D'Iddi ass fir d'Zukunft fir wierklech ze sensibiliséieren, fir iergendwann och kënnen dat unzebidden op engem Niveau - Coaches, Programmer, Schoulen, Workshops - fir de Kanner eeben dat kënnen ze ginn, wat de Viki an all déi aner Athleeten haten, wou si jonk waren."
D'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun, déi zesumme mat der Stad Lëtzebuerg an dem Sportsministère d'Meeschterschaft matgedroen huet, wëllt déi Sportaart och promovéieren, esou de Florian Salzinger vun der Vëlosfederatioun.
"Also mir géifen effektiv gär mat deem doten Event esou e klenge Kick-off maachen. Ech mengen, do wäert an den nächste Joren nach eppes geschéien. Mir fänke kleng un. 'Kleng', mat enger Europameeschterschaft, kann een natierlech och anescht gesinn, mee et ass e Kick-off-Event. A mir hoffen, datt mir an den nächst Jore successiv dëse Sport kënnen e bëssen developpéieren."
Am Sall ware ganz vill Kanner am Publikum, an et kann ee sech gutt virstellen, datt Verschiddener sech fir de Kleeschen esou ee flotte BMX-Flatland-Vëlo wäerte wënschen.