Zu Lëtzebuerg géifen et keng politesch Kräfte ginn, déi un d‘Fraerechter wéilte fréckele goen, esou de Laurent Zeimet. Et kéint een awer novollzéien, firwat déi Lenk déi Propos maachen, well op europäeschem Niveau wier et eng aner Diskussioun.
Et wéilt een elo mol de weidere legislative Prozess an déi verschidde Avisen ofwaarden, iert ee sech eng ofschléissend Meenung dozou géif bilen, sou de Laurent Zeimet.
Vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez war d’Äntwert datt de Koalitiounsaccord net géif virgesinn, d’Ofdreiwung an der Verfassung opzehuelen.
D'Pirate si fir d'Propos vun déi Lénk
Den DP-Deputeierten André Bauler mengt, datt déi Meenung net parteipolitesch kéint gebilt ginn, mee dat wier eng perséinlech Reflexioun déi all Deputéierte fir sech misst maachen. D’Piraten hirersäits schéngen awer eng parteipolitesch Reflexioun gemaach ze hunn. Am Moment wiere si kloer dofir, datt dat scho bestoend Gesetz soll an der Verfassung verankert ginn, seet den Deputéierte Ben Polidori.
Dat betount och den Marc Baum, deen an der zoustänneger Chamberskommissioun zum Rapporteur vum Gesetzestext genannt ginn ass.
"Dat hei, also der Ofdreiwung Verfassungsrang ginn, schaaft keng nei Rechter. Et assuréiert just, datt d’Auere vun der Geschicht net méi kënnen zeréck gedréint ginn."
Déi gréng ënnerstëtzen d'Iddi och
Zu Lëtzebuerg géif et duerchaus schonn e gudden, wann och verbesserungswierdege Kader fir d’Rechter vun de Frae ginn, esou déi gréng Deputéiert Sam Tanson.
"Ma gesinn, an den USA an awer och aneren europäesche Länner, wéi einfach dat rëm ka kippen, an dofir ass eigentlech e verfassungsrechtleche Schutz vun de Rechter vun der Fra op Selbstbestëmmung op hiren eegene Kierper extrem wichteg."
An den USA hat viru ronn 2 Joer d’Iewescht Geriicht d’Recht op Ofdreiwung aus dem Joer 1975 gekippt, mat der Argumentatioun, datt d’Recht net an der Verfassung festgehale wier.