Radioen

On air

Notturno  |  Midnight Star - Midas Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Copernicus: Juli féiert Rekordtrend net weider, de Kontext ännert sech awer net

Klimaobservatoire

Copernicus: Juli féiert Rekordtrend net weider, de Kontext ännert sech awer net

Den europäesche Klimaobservatoire schléisst net aus, datt dëst Joer dat wäermst gëtt, wat jeemools op der Äerd gemooss gouf. Copernicus huet hënt awer matgedeelt, datt de Juli „just“ den zweetwäermste Mount war, dee jee enregistréiert ginn ass. E Grond, fir Entwarnung ze ginn, wier dat awer net.

auto_stories

2 min

Thermometer | © Jarosław Kwoczała
Foto: Jarosław Kwoczała

Mat 16,91 Grad war de Juli global gesinn, sou Copernicus, 1,48 Grad méi waarm wéi d’geschate Moyenne vun deem Mount tëscht 1850 an 1900, der virindustrieller Referenzperiod.

Just de Juli zejoert war mat 0,04 Grad nach méi waarm. Fir op déi Temperaturmoyenne ze kommen, gi Milliarde vu Miessunge vu Satellitten, Schëffer, Fligeren a Wiederstatioune ronderëm d’Welt zesumme gerechent.

Trend vun ëmmer neien Rekorder gouf gebrach, mee...

Tëscht Juni d’lescht Joer a Juni dëst Joer hat den europäesche Klimaobservatoire all Mount en neien Héchstwäert gemellt. Dës Period vun 13 Méint un neie Rekorder ass, wann och nëmme knapp, de leschte Mount eben net virugaangen.

D’Copernicus-Vizedirektesch gëtt mat de Wierder zitéiert, datt sech de Kontext allerdéngs net verännert hätt a sech d’Klima weider erhëtze géif. Zu engem Revirement géif et nëmme kommen, wann d’Emissioune vun Zäregas op Null géife reduzéiert ginn.

… kee Grond fir Entwarnung

An och wann de Mount Juli selwer net dee wäermste jee gemoossene war, sou gouf awer den 22. Juli mat enger weltwäiter Duerchschnëttstemperatur vu 17,16 Grad de wäermsten Dag jeemools enregistréiert.

An Europa gouf et allerdéngs am Juli gréisser Ënnerscheeder: Iwwerdeems et an Nordwest-Europa, wouzou och Lëtzebuerg zielt, souguer éischter méi kill war wéi soss, gouf et am Süden an am Oste vun Europa iwwerduerchschnëttlech Temperaturen. Sou datt, ënnert dem Stréch, 2024 awer wuel dat wäermst jeemools gemoossent Joer dierft ginn, betount de Klimaobservatoire.