arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hesper Contournement: E komplexe Projet, deen 2037 soll fäerdeg ginn

Stroossebau

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Hesper Contournement: E komplexe Projet, deen 2037 soll fäerdeg ginn

De Contournement vun Hesper soll een Iwwerschwemmungsgebitt, grad wéi eng Natura-2000-Zon a Vulleschutzzonen duerchkräizen. Am Gesetzesprojet sinn nieft der Renaturéierung vun der Uelzecht an enger Baach, een Tunnel grad wéi Strecken nieft der Eisebunn an der Autobunn geplangt.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Gemeng Hesper
(Foto: Gemeng Hesper)

D'Zil ass et, Alzeng mam Houwald ze verbannen, wou ee vum ëffentlechen Transport ka profitéieren.

Iwwer 20.000 Gefierer fueren all Dag duerch den Zentrum vun Hesper, iwwer d’Uelzecht, laanscht d’Kierch. Stau ass mëttlerweil zu all Dageszäit zu Hesper programméiert. Zanter laangem gëtt vun engem Contournement an der Gemeng diskutéiert. Ënner dem fréiere grénge Mobilitéitsminister François Bausch goufe fënnef Varianten ënner d’Lupp geholl. Elo huet d’DP-Mobilitéitsministerin Yuriko Backes e Gesetzesprojet op den Instanzewee geschéckt, deen eng vun deene Varianten zeréckbehält. D’Situatioun um Terrain ass ganz komplex, d’Léisung deemno och.

"Net esou einfach mat der Uelzecht"

Zu Hesper bei der Kierch kommen d’Autoen an d’Busse vum Houwald, Fenteng, dem Réiserbann, Fréiseng, Izeg zesummen, an d’Verkéierssituatioun verschlëmmert sech vu Joer zu Joer. Fir vum Houwalder Bierg, duerch Hesper ze fuere bis hanner Alzeng bräicht ee mëttlerweil fir déi puer Kilometer dräi Véierelsstonn oder souguer eng Stonn zu Spëtzestonnen, erkläert déi Hesper Buergermeeschtesch.

Allerdéngs wier d’Situatioun och speziell, wéinst der Uelzecht an den Iwwerschwemmungen, betount d’Diane Adehm:

“Et ass effektiv net esou einfach mat der Uelzecht. (...) Mir wëssen alleguerten, datt d'Uelzecht do ass, datt déi gären iwwer d'Ufer trëtt, mir hunn och nach eng Baach, déi vun Izeg kënnt, (...) déi kënnt och am Zentrum vun Hesper eraus, och déi ass gären iwwerschwemmt. (...) Déi Leit, déi do ënnerwee sinn, déi wëssen, datt och do d'Waasser ganz oft an de Wise steet.”

Um Territoire vun der Gemeng Hesper ginn et awer och Naturschutzzonen, ënnersträicht d’Diane Adehm:

“A wann een dann d'Uelzecht e bësse weider Richtung Réiserbann kuckt, do hu mir e Schutzgebitt vun der Uelzecht, et ass en Natur- a Vulleschutzgebitt an dann ass et och nach eng Natura-2000-Zon. Dat heescht, et ass ganz, ganz schwiereg, wann een do eppes wëllt an deem Gebitt maachen, wéi eebe grad elo hei de Contournement, dee soll queesch duerch dat dote Gebitt goen.”

De grénge Mobilitéitsminister François Bausch hat éischt Etüde realiséiere gelooss. Hien hat eng Zäit fir de Bau vun engem Tunnel plädéiert. Dat wier eng Léisung gewiescht fir d’Naturschutzzonen ze schounen. Allerdéngs hätt een dann d’Ubanne vu Fenteng net kënne garantéieren.

D'Ubannen un den ëffentlechen Transport ass och een Zil

Vulleschutzgebitt, d’Uelzecht an d’Iwwerschwemmungsproblemer am Réiserbann, grad wéi eng Natura-2000 Zone sinn deemno d’Erausfuerderunge gewiescht. Wéi gesäit déi Variant aus, déi elo am Gesetzesprojet zeréckbehale gouf? D’Diane Adehm:

“De Contournement Alzeng, also mir haten eis als Gemengerot och fir d'Nordwest-Variant ausgeschwat. Dat heescht mir fueren zu Alzeng uewen op der Kopp fort, awer tëschent der Eisebunn an deene Geschäfter, déi do leien, do fuere mir parallel zur Eisebunn bis eriwwer op Fenteng, do evakuéiere mir dann d'Eisebunn an da fuere mir mat engem Tunnel ënner dem Fennerholz erduerch bis bei d'Autobunn, déi vun Diddeleng eropkënnt an da fuere mir parallel zur A3 erop op den Houwald.”

D’Zil vum Contournement ass net nëmmen Hesper ze entlaaschten, mee och d’Ubannen un den ëffentlechen Transport fir an d’Stad mee och a Richtung vun der Cloche d’Or, wou vill Aarbechtsplazen entstane sinn, ze verbesseren.

D’Multimodalitéit ass och schonn op der Cloche d’Or elo méiglech. Den Tram fiert mëttlerweil duerch deen neie Quartier bis hin zum Stadion. Buslinne goufen adaptéiert. Elo gëllt et mam Contournement den Uschloss un déi Houwalder Gare an den Tram ze erméiglechen.

Ofschloss vun den Aarbechte fir 2037 geplangt

Éier dee Contournement awer fäerdeg ass, muss d’Uelzecht renaturéiert ginn. Wéi laang wäert et daueren, bis datt déi Streck fäerdeg ass? D’Mobilitéitsministerin Yuriko Backes:

“Dee Projet, deen elo iwwer Joren ausgeschafft ginn ass a ganz enker Kollaboratioun mat der Gemeng geet eeben elo op den Instanzewee. D’Aarbechten déi kënnen dann och eréischt no verschiddene Kompensatiounsaarbechten ufänken, an dat wäert dann ëm déi 2030, 2031 sinn. (...) Et ass e komplexe Projet, dat brauch dann och e puer Joer, bis dat ka gebaut ginn, an da wiere mir laut dem Planning, wann dat dann alles esou geet a wa mir och keng Surprisë kréien, 2037 fäerdeg.”

De geplangte Käschtepunkt fir all d’Infrastrukture vun Alzeng bis op den Houwald erop ass 390 Milliounen Euro.

play_arrow Lauschteren