Am Dezember dierft déi aktuell CSV-LSAP-Koalitioun beim Vote vum Budget platzen an no engem Mësstrauensvote eng nei politesch Spëtzt vun DP, LSAP an déi gréng d’Geschäfter iwwerhuelen.
Um 5 Auer am Nomëtteg e Mëttwoch, wou d’Gemengerotssëtzung sollt ufänke, war just d’CSV am Sall. D’Stëmmung war ugespaant. Zwou Minutten drop koumen dunn déi wuel zukünfteg Koalitionären eran an et war esou roueg, datt een eng Nol hätt kënne falen héieren.
“Ech war net méi drobar”
Nodeems den Ari Arrensdorff vun déi gréng an den Eric Eifes vun der DP zwee Punkte vum Ordre du jour wollten huele loossen - an d’Buergermeeschtesch och nach een - huet d’Marion Zovilé-Braquet eng Deklaratioun virgedroen.
Fir d’Stéphanie Ansay direkt ze kritiséieren, datt d’Schäffen no hirer Récktrëttserkläerung vum 15. Juli hir Aarbecht net weidergefouert hätt.
“An engem Schreiwes huet d'LSAP-Schäffen eis awer matgedeelt, datt si dëser Verflichtung net géif nokommen.”
Si géif déi Entwécklung bedaueren, huet d’Buergermeeschtesch betount, genee esou wéi si bedauere géif, datt d’Stéphanie Ansay vun hirer eegener Partei ënner Drock gesat gi wier.
“D’LSAP national huet fonnt, datt ech net méi drobar wier als Buergermeeschter. (...) “Ech wäert weder u mengem Amt festhalen, nach d'Aarbecht an der Gemeng blockéieren. An deem Sënn hunn ech och de Moie meng Demissioun beim Groussherzog Guillaume agereecht”
Wéi geet et elo virun?
Déi demissionnär Buergermeeschtesch an déi demissionnär Schäffe mussen hir Fonctioune weiderféieren, bis si vun hiren Nofollger:innen ersat sinn, heescht et aus dem Ministère fir bannenzeg Affären.
Soudatt d’CSV-LSAP-Koalitioun am Dezember iwwert de Vote vum Budget fale wäert an, no engem Mësstrauensvote, DP, LSAP an déi gréng iwwerhuele wäerten.
Et sief drun erënnert, datt d’Turbulenzen zu Conter mat enger Mobbing-Affär ugefaangen hunn. Am August zejoert haten zwee Mataarbechter vun der Gemeng ënner anerem der Buergermeeschtesch ebe Mobbing virgehäit. Béid Fäll si viru Geriicht.