Hannergrond ass d'Affär ëm Mobbingreprochë vu Mataarbechter géint ënner anerem d'CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet. Zwee Mataarbechter waren entlooss ginn, mee hu mat Succès dogéint geklot. De Gemengerot hätt den Dënschdeg decidéiert, déi juristesch Prozedure géint déi zwee net méi weiderzeféieren, esou d'Tageblatt. D'LSAP, de Koalitiounspartner vun der CSV zu Conter, hätt op deem Punkt mat der Oppositioun gestëmmt.
Et ass onkloer, wéi et elo zu Conter virugeet.
D'LSAP vu Conter huet an engem Pressecommuniqué den Dënschdeg den Owend geschriwwen: Als Koalitiounspartner géif d'LSAP zu hirem Engagement fir eng staark an handlungsfäeg Gemeng stoen.