arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Confessions II" - Madonna

Album vun der Woch

|
reading time

3 min

headphones

10 min

play_arrow

"Confessions II" - Madonna

D’Madonna ass zeréck: 7 Joer no hirem mëttelméissegen Album “Madame X” mellt sech d’Queen of Pop elo mat engem Album zeréck, op deem si zu eng vun hire Stäerkten zeréckfënnt: der Danzmusek.

reading time

3 min

headphones

10 min

play_arrow

“Confessions II” gëtt als eng Suite vum 2005er Album “Confessions on a dance floor” vermaart. Op 16 Tracks geet et - mat e puer Ausnamen - exklusiv ëm d’Danzen an ëm d’Liewensloscht.

Stilistesch ass et Pop mat Disco-, Elektro- an House-Aflëss. Amerikaner benotzen dofir gär den Terme “EDM”.

Old-school Aflëss

Dëse musikaleschen Optimismus ass och e Verdéngscht vum Produzent Stuart Price, deen och scho fir den 2005er Album zoustänneg war.

Mat senger Hëllef exploréiert d’Madonna op dësem Album Sub-Genrë vun der Danz-Musek, esou wéi French House um Lidd “Danceteria”, Eurodance op “Read My Lips” an och 2-Step-Garage wéi op “Good for the soul”.

Mee ënner dem Stréch sinn déi musikalesch Aflëss an éischter Linn old-school. Esou ass d’Lidd “I Feel So Free” vum Lil Louis sengem Chicago House-Klassiker “French Kiss” aus dem Joer 1989 inspiréiert, “BringYour Love”, déi éischt Single vum Album, ass ugeleent u “Good Life” vun Inner City aus dem Joer 1988 an de Piano op “One Step Away” erënnert een un den Deep House vum Mr Fingers, och aus den Enn-80er.

Ëmmer nees ginn et och Passagen, wou d’Madonna laang net ze héieren ass, ouni datt dat direkt stéiert. Och dat e Verdéngscht vun der gudder Produktioun.

An och déi puer méi lues Lidder op “Confessions II” kléngen no authenteschem 90er Trip-Hop aus dem Haus Mo’ Wax. 

Optrëtt vun der eegener Duechter

Gaaschtoptrëtter ginn et vum Sabrina Carpenter, dem Stromae oder um Lidd “The Test” nach vun hirer Duechter Lourdes.

Dat Lidd kléngt e wéineg eeler, méi wei d'Versioun vum Lidd “Little Star” um 98er Album “Ray of Light”, wéi hir Duechter zwee Joer al war.

Haut ass et der bal 30 a kann an Tëschenzäit bei der Mama matsangen.

D’Zäit bleift net stoen - och fir d’Madonna net. Ass dat de Grond firwat déi an Tëschenzäit 67-järeg Madonna sech um Cover vum neien Album just hanner engem move Voile weist? Mir hoffen net.

Vun den Texter hier weist sech d’Sängerin op alle Fall wéi gewinnt fragil a selbstsécher zur gläicher Zäit. 

En Album fir d'Fans ze belounen

Allze vill Variatioun fënnt een net um neien Album. D’Sängerin ass mam Dancefloor-Sound op Nummer sécher gaang. 

Et ass sécher keen Album, deen nerve wäert, dofir ass d’Produktioun ze gutt gelongen an d’Melodië sinn ze schéin. E richtege Banger wéi “Hung Up” feelt awer leider drop.

“Confessions II” ass dem Madonna hire gelongensten Album zënter “Confessions on a dance floor”, en Album fir hir richteg Fans ze belounen.

play_arrow Lauschteren