search

/ Collège médical: Instruktioun géint Dr. Wilmes wéinst 27 Fäll, och wéinst Deontologie

Affär Wilmes

|
reading time

6 min

Collège médical: Instruktioun géint Dr. Wilmes wéinst 27 Fäll, och wéinst Deontologie

100,7-Informatiounen no muss den Orthoped Philippe Wilmes beim Collège médical Stellung huelen zu mëttlerweil 27 Patientendossieren. Zwee Patiente beschreiwen am 100,7-Interview hir Situatioun. Den Dokter kritt vum Collège médical an Tëschenzäit och Verstéiss géint den Deontologiekodex virgeheit.

reading time

6 min

© picture alliance / PhotoAlto | Frédéric Cirou
(Foto: picture alliance / PhotoAlto | Frédéric Cirou)

Dat hu méi Persounen eis confirméiert, déi mat de lafende Prozedure vertraut sinn. Den Dokter Wilmes kritt zënter e puer Méint vun aneren Dokteren Operatiounen u gesonde Kräizbänner virgehäit.

Reegele vun der Diskretioun

De Collège médical ënnersicht deemno an Tëschenzäit och, ob de Philippe Wilmes géint d'Diskretiounsflicht aus dem Deontologiekodex verstouss huet.

Dora steet an den Artikelen 9 an 10 ënner anerem, een Dokter misst an der Ëffentlechkeet d'Reegele respektéiere vun der Diskretioun, der Dignitéit, dem Taktgefill an der Virsiicht. De Chirurg, dee fir d'DP am Leidelenger Gemengerot ass, war an de leschte Wochen aktiv an d'Medie gaange fir sech géint d'Virwërf géint seng Persoun ze wieren. 

Hien hat dobäi ënner anerem d'CSV-Gesondheetsministesch attackéiert a vun enger politescher Hexejuegd geschwat.

Accès zum Dossier

Zënter Ufank Mäerz kennt de Philippe Wilmes d'Virwërf, déi de Collège médical ënnersicht, an hien huet och Accès zu de 27 Dossieren. De Chirurg muss bis Ufank Abrëll schrëftlech op all d'Virwërf äntwerten.

Duerno soll hien och mëndlech gehéiert ginn, ier decidéiert gëtt, ob de Fall virun de Conseil de discipline geet an ob weider Informatiounen un d'Justiz geschéckt ginn. 

D'Affekote vum Philippe Wilmes confirméieren, datt eng Prozedur beim Collège médical leeft, wëlle se awer net kommentéieren. Dat mam Argument, datt déi Prozedur confidentiel wier a si dofir kee Feeler maache wéilten.

D'Justiz huet bis elo nach keng Enquête opgemaach. Am Januar hat de Parquet ëffentlech matgedeelt, et wiere bis dohi keng strofrechtlech Faiten ze erkennen, no enger Analys vun zwee Fäll, déi ëm zougedroe gi waren. Et wier um Collège médical fir eng Instruktioun ze maachen. 

Expertecomité huet ugefaange mat schaffen

Parallel huet d'Expertise fir de Gesondheetsministère ugefangen. Déi dräi Experte kruten Accès zu 10 Patientendossieren. An där Expertise gi just Fäll ënnersicht, wou et schonn zu enger Operatioun koum.

Den Expertecomité setzt sech zesummen aus engem Expert, deen d’Defense genannt huet. Dat ass den Dr. Jacques Hummer, een Orthoped vun Nanzeg.

Dann engem Expert dee vun der Direction de la Santé ernannt gouf. D’Doktesch Elvire Servien vu Lyon, eng Sports-Expertin spezialiséiert op Kräizbänner. Déi zwee hu sech missen op een drëtten Expert eenegen, den Dr. Alain Blum, ee Radiologue vun Nanzeg.

De Chirurg Philippe Wilmes dierf am Moment net méi operéieren. Seng Autorisation d'excercer ass am Januar vum Gesondheetsministère ageschränkt ginn. 

Op Basis vum Rapport vun den dräi Experte muss d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez bis den 22. Abrëll decidéieren, ob déi partiell Suspendéierung verlängert gëtt.

An den Hôpitaux Robert Schumann krut de Philippe Wilmes gekënnegt an der Suite vun de Virwërf a vun enger Expertise, déi d'Spidol eisen Informatiounen no bei engem Expert vu Paräis maache gelooss huet.

Den Dokter consultéiert am Moment an der Dokteschpraxis um Findel, déi hie selwer gegrënnt huet, an déi sech mëttlerweil net méi FindelClinic, mee FindelMedic nennt.

Patienten hoffen op Opklärung

Eng Patientin an ee Patient, déi vun de verschiddene Prozedure concernéiert sinn, hunn eis hir Situatioun erkläert.

Lauschtert hei d'Aschätzunge vum Michelle Barthel no de Gespréicher mat de Patienten

D'Patientin hat duerch een Accident permanent Wei um Knéi a gouf bei den Dokter Wilmes iwwerwisen. Deen huet, wéi si eis sot, d’Biller vum IRM net wierklech mat hir duerchgeholl, mee hätt direkt gesot et misst een d’Kräizbänner operéieren an dat bannent e puer Deeg. Dat ass och dunn geschitt.

Zënterdeem huet si weider Peng am Knéi.

"Ech si ganz staark ageschränkt wat meng Beweegung ugeet, wat mäi Sport ugeet. D’Moral leid drënner. Also et ass net méi dat nämmlecht Liewe wéi virdrun." 

Bei engem zweeten Avis méi spéit, hätt een aneren Dokter der Fra gesot, datt hir Kräizbänner, dem IRM no, intakt gewiescht wieren an domat eng Operatioun onnéideg gewiescht wier. Dat krute mir vun deem aneren Dokter confirméiert.

Aus der Press ass si du gewuer ginn, wat dem Dokter Wilmes virgehäit gëtt an dass si och dodrënner kéint falen.

"Et ass een nervös, et ass ee frou, et weess een awer net, wéi et virugeet. Geschitt eppes, geschitt näischt, well als Patient ass een ëmmer dee Leschten an der Rei."

Stand Haut weess si och net wéi hire medezinesche Wee wäert weider goen.

Si hofft op eng medezinesch Léisung, hofft awer och, wéi si seet, op Gerechtegkeet duerch d'Expertisen, déi elo gemaach ginn.

Patient schwätzt vu kontradiktoreschen Aussoen

En anere Patient temoignéiert, datt den Dokter Wilmes hien als éischt laang Zäit net operéiere wollt, wéinst enger bestëmmter Konditioun vum Patient. Dat, obwuel den Dokter vun Ufank u gesot hätt, datt d’Kräizbänner minimal gerass wieren.

Am Dezember zejoert hätt den Dokter Wilmes gesot, elo misst een awer operéieren, well dat déi lescht Optioun wier.

Fir de Patient war dat eegenen Aussoen no eng grouss Iwwerraschung, well u sech hätt den Dokter genee de Contraire gesot, wéi dat Joer virdrun.

"Hie sot, déi Operatioun wäert dech fir ëmmer heelen, wat ech komesch fonnt hunn, well dat war guer net wat hien am Ufank gesot huet.”

De Patient hat an där Zäit zwee IRMe gemaach an a béide Rapporten hätt dra gestanen, datt d’Kräizbänner intakt gewiescht wieren - wat mir och iwwerpréiwe konnten. De Patient seet, en hätt dunn den Dokter Wilmes op d'Rapporte vun den IRMen ugeschwat.

"Säin Argument war, datt déi Leit, déi IRMe maachen, déi de Rapport schreiwen, déi hunn net déi Connaissance, déi hien huet, a se kënnen net déi Mikrofrakturen oder déi kleng Zerschneidunge beim Ligament mierken. Dofir sot hien, ech soen dir, se sinn net gutt, awer si soen dir dat, well se net wëssen, wat ech weess."

Hien huet dem Dokter Wilmes hei eegenen Aussoen no vertraut. An deem Zäitraum wéi d’Affär Wilmes public gouf, war de Patient bei engem aneren Dokter – fir eppes anescht – an deen huet him seng Bedenken zu der Operatioun matgedeelt an him en zweeten Avis vun engem aneren Orthoped un d’Häerz geluecht.

Doropshinn huet hien eegenen Aussoen no zwee aner Experte consultéiert a béid wieren zur Conclusioun koum, datt éischtens d’Kräizbänner intakt wieren an zweetens dass eng Operatioun hei vill kéint schueden. Ee vun den aneren Dokteren huet eis dat confirméiert.

De Patient huet sech eegenen Aussoen no duerno traureg a verrode gefillt. Hie géif sech wënschen, datt d’Wourecht géif un d’Liicht kommen an hie wëllt och gläichzäiteg aner Patienten dofir sensibiliséieren sech villäicht méi dacks en zweeten Avis ze froen.

Lafend Prozeduren an Expertise mussen d'Virwërf elo analyséieren

Wat d'Virwërf géint den Dokter Wilmes ugeet, gëllt d'Presomption d'innocence bis en Urteel geschwat ass respektiv d'Expertisen ofgeschloss sinn.

D'Patientefäll si Bestanddeel vun enger lafender Prozedur, an do si jo medezinesch Experten elo domat chargéiert festzestellen ob d'Virwërf géint den Dokter Wilmes stëmmen oder net.