2025 hätt ee scho villes erreecht, ma fir dat neit Joer stéingen och nach ëmmer vill Diskussiounen op, esou de Chamberpresident an CSV-Politiker Claude Wiseler op der traditioneller Neijoerschreceptioun vun der Chamber.
“Och d'Aféierung vun dësem Joer u vun d'Kontrolle vun de Fraktiouns-Finanze vun der Cour des comptes ass och eng Erneierung, déi schonn eng Rei Ëmstellunge vun deenen engen an deenen anere brauch."
D'Weiderféierung vun den Diskussiounen iwwert en zukünftegen neie Statut vum Deputéierte, gekoppelt mat der Diskussioun iwwert de Cumul vun de Mandater, wier och eppes, wat een dëst Joer misst weiderféieren, esou de Chamberpresident. Espu wéi eng Rei Aarbechten um Walgesetz, fir dëst un d'Realitéit unzepassen.
Zilsetzung: Méi Effizienz an Transparenz
All dës Changementer hätten an enger Zäit, an där d’Demokratie vu bannen a vu baussen ëmmer méi erausgefuerdert gëtt an d’Vertrauen an d’Politik an an d’Press ëmmer méi wackeleg gëtt, d’Zilsetzung, d’Aarbecht vun de Parlamentarier ze erliichteren a méi effizient an transparent ze gestalten, huet de Chamberpresident a senger Ried nach betount.
Dozou soll och eng besser Plangbarkeet vun de Sëtzunge bäidroen, esou de Generalsekretär vun der Chamber Laurent Scheek.
“A méi Previsibilitéit wënschen ech mer och fir 2026, wou mer wäerte probéieren den Ordre du jour vun de Plenarsëtzungen am Dialog mam Staatsministère a mam Staatsrot nach méi laang am Viraus ze plangen.”
Dëst Joer wëll de Chamberpresident Claude Wiseler dann och nach eng Kéier iwwer d’Riedenzäiten an der Plenière schwätzen. Hei hätt een zwar schonn eng éischt Etapp gemaach, mee et wier een nach net do wou d’Parlament gär wier.
Wichteg wier, datt bei dëse Chantieren, déi ustinn, “ouni Scheiklappen” a méi wäit wéi just bis déi nächst Wale geduecht gëtt, esou de Claude Wiseler.