Nieft dem éischte Standuert zu Dikrech solle vu September un eng éischt 5 Formatiounen ugebuede ginn. Ënner anerem Formatiounen an der Restauratioun an an der Hotellerie. 2026 kommen nach 4 weider Formatiounen dobäi.
Dohi goen, wou och d'Schüler:inne sinn
Den neie Site zu Wickreng am Süde vum Land gëtt doduerch begrënnt, datt do déi meescht Awunner gezielt ginn, mee an der Hotelsschoul zu Dikrech awer just zwee Fënneftel vun de Schüler aus dem Zentrum an aus dem Süde vum Land kommen. Fir de Claude Meisch kéint ee mat deem neie Site de Schüler:innen den Zougang zu de Formatioune vereinfachen.
“Mir brauchen insgesamt méi Capacitéit fir déi Schoul, fir sech auszebauen a méi Schüler kënnen opzehuelen. Mee kommt, mir ginn och dohinner, wou d'Schüler sinn, fir wierklech och deene Schüler aus dem Zentrum an aus dem Süden, do wou der ganz vill sinn, kënnen och d'Chance ze ginn, vun deene Formatiounen ze profitéieren.”
Michel Lanners: "Et ass eng evident Demande do"
Een zweete Grond fir den neie Site wier, datt eng grouss Demande géif bestoe fir méi Personal am Horeca-Secteur. Den Direkter vun der Schoul Michel Lanners fënnt, datt sech de Mangel u Personal bemierkbar mécht.
“Dir gitt bei d'ADEM an da kuckt Dir wéi vill Käch, wéi vill Serveuren do ausgeschriwwe sinn. Dat sinn der iwwer 1.000. Méi direkt et schwätzt ee mat Restaurateuren. Do si verschidde Restaurateuren, déi mussen hire Restaurant een, zwee Deeg an der Woch zoumaachen, well si net genuch Personal hunn, fir kënne fënnef Deeg an der Woch opzemaachen. Also et ass eng evident Demande do.”
Den neie Site wier awer just eng Iwwergangsléisung, esou den DP-Minister Claude Meisch.
“Mëttelfristeg ass envisagéiert, d'Schlass zu Suessem ëm- an auszebauen, fir dann do den definitive Site an der Südregioun kënnen ze maachen. Dorunner gëtt och geschafft. Allerdéngs dauert dat nach eng Rei vu Joren an et wier einfach schued gewiescht, fir do nach eng weider Generatioun, dann awer nach net hei kënne wierklech eng Alternativ kënnen ze bidden.”
Secteur vun der Hospitalitéit wäert och an Zukunft stabil an attraktiv bleiwen
Déi konkreet Aarbechten, déi an der Gastronomie an der Hotellerie noutwendeg sinn, wéilt een net der Kënschtlecher Intelligenz iwwerloossen, esou de Minister. De Secteur vun der Hospitalitéit wäert also och an Zukunft stabil an attraktiv Perspektive bidde fir déi jonk Mënschen, esou de Claude Meisch.
“Gastronomie, Hotellerie wäert warscheinlech eng vun deene Branchë sinn, déi elo manner a Gefor ass, wann ech elo mol un d'Digitaliséierung, un d'Intelligence artificielle denken, well anere Mënschen et ze erméiglechen, eng kuerz Paus ze maachen an hirem hekteschen Alldag. Dat ass wuel éischter eppes, wat méi noutwendeg wäert sinn an Zukunft wéi manner."
De Wickrenger Site wäert 200 Schüler kënnen empfänken. Zu Dikrech si momentan eng 380 Schüler an der Hotelschoul ageschriwwen.