arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Claude Hirtzig: Bankagencë wäerten net ofgeschaaft ginn

ABBL

|
headphones

2 min

headphones

15 min

play_arrow

Claude Hirtzig: Bankagencë wäerten net ofgeschaaft ginn

D’Zuel vun den Agencë geet ëmmer weider erof an d’Digitaliséierung geet ëmmer weider erop. Ronn 4 Prozent vun de Privatcliente vun de Banke géife manner gutt mat der Digitaliséierung eens ginn. De Claude Hirtzig vun der ABBL mengt awer net, datt deen analoge Wee wäert ausstierwen.

headphones

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Claude Hirtzig | © Morgane Weidig
Claude Hirtzig (Foto: Morgane Weidig)

De Begrëff Retail banking beschreift d’Geschäft vun de Banke mat Privatclienten, also mat deenen normal Stierflechen, déi e Compte Courant oder Spuerbuch op enger Bank hunn.

An deem Beräich schaffe ronn 7.000 Leit, also ronn ee Véirel vun deen am Ganze 26.000 Bankemployéeën. An et gi ronn 500.000 Clienten.

“Zu Lëtzebuerg hunn déi meeschte Clienten e puer Konten. Déi Zuel ass awer iwwert déi lescht Jore relativ stabel bliwwen an och wann elo eng Bank de Secteur verlooss huet (ING), ass dat stabel bliwwen.”

"Déi meescht Leit ginn domat eens"

Op enger Pressekonferenz hat d’Bankenassociatioun ABBL gesot, datt ronn 4 Prozent vun deene Clienten net mat der Digitalisatioun géif nokommen. Dat wiere spezifesch déi Leit, déi mat den digitale Payementer net géifen eens ginn, erkläert de Claude Hirtzig am 100,7-Interview. 

Dat wier allerdéngs deen einfachsten Deel beim Retail Banking. Dat géif weisen, datt déi meeschte Leit domat eens ginn.

“Mir loossen och 4 Prozent vun de Leit net am Ree stoen.”

De Claude Hirtzig ass net der Meenung, datt de Bankesecteur d’Agence komplett ofschafe wéilt.

“Am Géigendeel! De Pabéiervirement zum Beispill gëtt et ëmmer nach. Dat ass fir vill Leit eng Alternativ, wa si virdrun an eng Agence gaange sinn. An dat ass villäicht en éischte Wee a Richtung Digitalisatioun.”

"Agence gi weiderhi gebraucht"

Allerdéngs kann eng Bank fräi entscheeden, ob den analoge Wee dofir eppes méi kascht – sief et de Virement oder d’Hëllef vun engem Agent/enger Agentin an enger Agence. 

D’Fuerderung datt den analoge Wee bestoe bléift wier sécherlech do, awer et dierft een och de Besoin fir d’Digitalisatioun net ënnerschätzen, esou nach de Claude Hirtzig.

“Wann eng Agence en Dag muss zoubleiwen dann ass dat u sech kee Problem. Wann awer den Internetbanking fir 10 Minutten net funktionéiert, dann hu mir Honnerten Uriff.”

Et wäerte weider Fäll ginn, bei deenen ee Banker bräicht, zum Beispill bei den Immobilieprêten. Dofir wéilt de Secteur sécher net alleguer d’Agencen ofschafen, esou nach de Claude Hirtzig.

play_arrow Lauschteren