Radioen

On air

9 bis 1  |  All Reitz Reserved - Way Back Home Feat. When 'Airy Met Fairy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Christine Majerus: Nach eng leschte Kéier bei den Olympesche Spiller dobäi

Viru Schluss vun der Karriär

Christine Majerus: Nach eng leschte Kéier bei den Olympesche Spiller dobäi

Eng weider Sportlerin ass haut fir Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller am Asaz. D‘Christine Majerus fiert vun de Mëtten 2 Auer un d‘Stroossecourse am Cyclissem. Et ass dëst hir lescht Saison als professionell Coureure.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: picture alliance / frontalvision | Arne Mill

Déi 37 Joer al Cyclistin ass fir d’4. bei Olympesche Spiller am Asaz. 2012 war si zu London an England, 2016 zu Rio de Janeiro a Brasilien an 2021 zu Tokyo a Japan. Bei dëse leschte Spiller hat d’Christine Majerus iwwregens zesumme mam Schwëmmer Raphaël Stacchiotti de Lëtzebuerger Fändel gedroen.

D’Coureure hat sech dëst Joer beim Tour of Britain als 3. klasséiert an huet am Ganze 14 Lëtzebuerger Championstitelen op der Strooss gesammelt. Dës olympesch Stroossecourse ass dat lescht Zil an der Karriär vum Christine Majerus, déi um Enn vun der Saison de professionelle Vëlo un den Nol hänkt.

Lauschterenplay_arrow