D'Nazi-Symboler, esou wéi ee policefeindleche Sproch, wiere schonn op d'mannst zënter Mëtt Juli am Trapenhaus vun Onbekannten hannerlooss ginn.
De Christian Weis hat sech ëffentlech dru gestéiert, datt d’Ponts et Chaussées an enger éischter Reaktioun soten, si géifen déi Graffitien eréischt am September ewech maachen.
"Esou Symboler gehéieren néierens hin"
Nom ëffentlechen Drock huet déi staatlech Verwaltung d’Graffitien um Donneschdegmoie provisoresch iwwerdeckt, ier d’Mauer am September sabléiert gëtt an d’Schmierereien domat permanent fortkommen, esou de Christian Weis.
"Ech war iwwerrascht, dass dat déi Zäit awer géif huelen, well och wann een et net vläicht direkt ewechgemaach kritt oder komplett ewechgemaach kritt, gëtt et awer Manéiere fir déi Symboler aus dem ëffentleche Raum ze huelen."
Hie betount ausserdeem, datt esou Symboler néierens higehéieren. All Dag, op deem esou ee Symbol optaucht, wier en Dag ze vill. "Dowéinst sinn ech och dankbar, dass mir eis op eng Reaktioun vu Ponts et Chaussées a vum Mobilitéitsministère konnte freeën, an dass d'Symboler ewechgemaach goufen", esou nach den Escher Buergermeeschter.