Radioen

On air

Vue sur mer  |  Ben Böhmer - Escalate Feat. Jonah

play_arrow Live
search

/ Chris Philipps: Trainerdiskussioun gëtt “extern gepusht” a spillt intern keng Roll

Fussballnationalekipp

Chris Philipps: Trainerdiskussioun gëtt “extern gepusht” a spillt intern keng Roll

De 56-fachen Nationalspiller Chris Phillips huet am 100,7-Moiesstudio déi rezent Entwécklung vun der Fussballnationalekipp kommentéiert a mengt net, datt et de Spiller an dem Staff u Motivatioun feelt.

auto_stories

2 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Foto Huebner

Mat engem 2:2 Gläichspill géint Nordirland kënnt d’Nations League Campagne fir d’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp liicht positiv op een Enn. Virun allem wann ee bedenkt, datt déi Rout Léiwen 0:2 hanne waren. An Awer: 3 Punkten no 6 Matcher an der Grupp 3 vun der Liga C. Dat ass den dach negative Bilan vun der Nations League Campagne vun de Roude Léiwen. Eng enttäuschend lescht Plaz, wann ee bedenkt, datt ee virun 2 Joer d’Campagne an där selwechter Liga mat 11 Punkte knapp hannert der Tierkei ofgeschloss hat.

E fragille Grupp

Och de Chris Philipps, fréiere Profi bei ënner anerem Legia Warschau a Preussen Münster, mengt, datt d’Resultat net d’Ambitiounen erëmspigelt, déi virun der Campagne oppe kommunizéiert goufen. Mat zwou Defaiten am September ass d’Ekipp denkbar schlecht gestart. Déi zwee Gläichspiller am Oktober waren dunn och net méi genuch.

De Chris Philipps am Trikot vu Legia Warschau. | © picture alliance / NurPhoto | Foto Olimpik
De Chris Philipps am Trikot vu Legia Warschau. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Foto Olimpik)

Natierlech wieren d’Supporter no der exzellenter leschter Nations League verwinnt gewiescht, mengt de Chris Philipps. Mee et wier gewosst, datt et ee fragille Grupp ass. Verschidden Absencë si schwéier ze kompenséieren. Dat gëllt virun allem fir den Offensivberäich, betount de Spiller vum FC Wolz 71. Et war een net golgeféierlech genuch géint Géigner, déi vum Niveau hir schlobar gewiescht wieren, seet de Chris Philipps.

Am Verglach: Bei där leschter Campagne hätt ee vill manner Verletzunge kompenséiere missen.

Luc Holtz representéiert Kontinuitéit

Den Nationaltrainer Luc Holtz stoung rezent och an der Kritik. D’Fro, ob hien nach de richtege wier fir d’Nationalekipp ze leeden, gëtt vun der Press a Supporter gestallt. Als Spiller, deen am Juni nach am Kader stoung, kéint hien awer soen, datt esou Diskussiounen intern net opkommen. D’Spiller géingen hannert dem Trainer stoen.

De Luc Holtz, deen zënter 2010 Trainer ass, géing d’Kontinuitéit representéieren, déi der FLF wichteg wier. De Fussballprofi weist och drop hin, datt d’Ekipp ëmmer nach motivéiert ass, wéi ee beim rezente Match géint Nordirland gesinn hätt.

Ënnert dem Stréch géing d’Trainerdiskussioun “extern gepusht ginn”, wier awer intern keen Theema. Ausserdeem mengt de Chris Philipps, datt et um Staff selwer wier ze entscheeden, wéini d’Zäit vun engem Wiessel komm ass. 

Lauschterenplay_arrow