arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chrëschtdagsusprooch: Poopst Leo hofft op séiere Waffestëllstand an der Ukrain

Kierch

|
headphones

1 min

Chrëschtdagsusprooch: Poopst Leo hofft op séiere Waffestëllstand an der Ukrain

De Poopst Leo huet op Chrëschtdag d'Ukrain a Russland dozou opgeruff, den Dialog nees hierzestellen. Dëst mam Zil, een Enn vum Krich ze erméiglechen.

headphones

1 min

De Poopst Leo XIV am Péitersdoum op Hellegowend  | ©  EPA/GIUSEPPE LAMI
De Poopst Leo XIV am Péitersdoum op Hellegowend (Foto: EPA/GIUSEPPE LAMI)

A sengem traditionelle Seegen "urbi et orbi" sot de Poopst op der Péitersplaz, datt hie géing hoffen, datt d'Waffen an der Ukrain geschwënn néiergeluecht wäerte ginn.

De Poopst Leo huet awer och un aner Konflikter erënnert, notamment deen an der Gazasträif. D'Mënsche géingen ënner deene Kricher uerg leiden.

Fir de Chef vun der kathoulescher Kierch waren et déi éischte Chrëschtdagsfeieren als Poopst.

Scho virun den traditionelle Chrëschtmetten huet de Poopst Leo XIV en Appell un d’Welt gemaach: Hien huet fir Chrëschtdag e Verzicht op Gewalt gefrot.