Zesumme mat der Grande-Duchesse Stéphanie géing hie probéieren, esou vill wéi méiglech bei de Leit um Terrain ze sinn. Eng weider Geleeënheet dofir steet scho virun der Dier, wéi de Grand-Duc a senger Usprooch betount: d'Joyeuses Entrées sinn eng Traditioun no engem Trounwiessel. An deem Kader gi 5 verschidde Regiounen am Land besicht.
Hoffnung a Solidaritéit
Op d'Feierdeeg gekuckt schwätzt de Grand-Duc Guillaume vun enger Zäit mat ville Symboler, déi fir jiddereen aneschters ass. Fir déi eng eng festlech Paus vum Rhythmus am Alldag, fir anere wier et e wichtege Moment an hirem Glawen.
Fir déi meescht ass Chrëschtdag awer déi Zäit, an där ee mat senge Léifsten zesumme kënnt, an Zäit mat deene verbréngt, esou de Grand-Duc Guillaume.
Hien ënnersträicht, datt déi vill Luuchte vun der Chrëschtdekoratioun fir d'Hoffnung stinn, och an onsécheren Zäiten. An deem Kontext geet de Staatschef op de Krich an der Ukrain an, deen de séchergegleefte Fridden an Europa a Fro géing stellen.
National an international Geste vu Solidaritéit géifen awer Hoffnung maachen an eis all drun erënneren, datt den Zesummenhalt a Krisenzäiten am wichtegsten ass.
De Chrëschtbeemchen als Metapher
De Grand-Duc Guillaume benotzt och de Chrëschtbeemchen als Metapher: Engersäits erënnert en eis dorun, datt mir nom Klima an eiser Ëmwelt kucke mussen. Anerersäits erënnere seng Wuerzelen eis un d'Institutiounen, déi eist Land prägen a stäerken. An dat grad an Zäiten, wou vill Leit no Halt sichen.
D'Kaddoen ënner dem Beemchen erënneren eis drun, datt vill Mënschen an der Welt - an zu Lëtzebuerg - net de selwechte Wuelstand genéissen, wéi dat vill Leit am Grand-Duché maachen, esou de Grand-Duc weider a senger Usprooch.
Doriwwer eraus schwätzt de Grand-Duc vum Erhale vun eiser Identitéit, dat duerch eng gelieften Oppenheet an Innovatioun. Dës Eegenschafte géinge Lëtzebuerg opbléie loossen. Bei Meenungsverschiddenheete soll een den Dialog sichen, fir Sträit a Spléckungen hanner sech ze loossen, seet de Grand-Duc Guillaume.
E spezielle Merci u Benevollen
Zum Schluss vu senger Ried riicht de Grand-Duc sech un déi vill Benevollen, déi mat hirem onermiddlechen Asaz an de sëllege Veräiner, Verbänn an Associatiounen eng wichteg a grouss Roll an eisem Alldag spillen. Hie riicht sech awer och un d'Spidolspersonal, un d'Police an d'Arméi.
Kleng Deeler vun der Ried huet de Grand-Duc op Englesch a Franséisch gehalen. D'Chrëschtdags- an Neijoerschwënsch huet de Grand-Duc op fënnef verschidde Sprooche ginn, dorënner och Portugisesch.