Een Thema huet an där Diskussioun awer dominéiert, nämlech d’Situatioun vun de méi vulnerabele Persounen.
De Prinzip ass kloer, d’Prozedur soll vereinfacht ginn, fir sech bei der ADEM anzeschreiwen oder verschidde Prozeduren duerchzeféieren, ewéi d’Deklaratioun vun engem Revenu, wann ee Chômage partiel kritt.
D’Ausbezuele gëtt dann och acceleréiert.
Kompromëss gouf fonnt
Uganks hat de Staatsrot eng formell Oppositioun formuléiert, well just eng digital Aschreiwung bei der ADEM méiglech war. D‘Fro, wat Leit maache sollen, déi keen Zougrëff zu Internet hunn, oder déi digital Kompetenzen net beherrschen, war net gekläert.
Doropshin, gouf ee Kompromëss fonnt, erkläert d’Carole Hartmann DP-Deputéierten
"An och déi Leit, déi eeben net déi néideg Mëttel oder Méiglechkeeten hunn, fir sech digital mat enger Authentifikatioun forte, wéi zum Beispill, wann et da funktionéiert, mat LuxTrust anzeloggen, wäerten net ausgeschloss ginn. Fir déi Leit wäert et och an Zukunft méiglech sinn, hir Demande op Pabeier ze maachen."
D’ADR huet géint dat Gesetz gestëmmt. Wéinst der Problematik vun de Kompetenze vun de Betraffenen, betount de Michel Lemaire vun der ADR.
"Et kann een zwar wuel sur place goen, et kritt ee gehollef, et kritt een et ausgedréckt, et ënnerschreift ee mat der Hand, mee mir fäerten, datt mer hei e Präzedenzfall schafen."
Djuna Bernard mécht op Pann bei Luxtrust opmierksam
An dësem Gesetz gëtt et nach ëmmer d’Méiglechkeet d’Demande op Pabeier ze maachen, an dat ass wichteg, am Fall vun enger Pann bei Luxtrust, betount d’Djuna Bernard Deputéiert vun déi gréng.
"An da kann ech awer mech direkt nach eng Kéier op den Avis vun der Chambre des Salariés referéieren, déi genau dat doten och nach eng Kéier ervirgehuewen hunn, déi gesot hunn, et misst een d'Méiglechkeet behalen, fir Demanden a Papeierform anzereechen, well et eeben zu digitalen Imprevue kéint kommen."
Den LSAP Deputéierte Claude Haagen huet d‘Regierung dozou opgeruff, bei all digital Demarchen, eng Méiglechkeet virzegesinn, fir eng Demande op Pabeier kënnen ze maachen, soss géif ee riskéieren de Prinzip vun der Chancëgläichheet net ze respektéieren.