Am Informatik-Secteur gi ganz vill Leit gesicht, ma paradoxerweis hätt een hei och déi héchsten Hausse vu Leit déi am Chômage sinn, esou d'Isabelle Schlesser Direktesch vun der ADEM.
"Do gi ganz vill Leit gesicht, och wann der nach manner gesicht gi wéi vrun engem Joer."
D'Erklärung wier relativ einfach esou d'Direktesch: en Informatiker wier net gläich en Informatiker. Déi Profiller déi gefrot gi géifen ëmmer méi spezialiséiert an net jiddereen hätt eeben déi Kompetenzen. Dobäi kéim, datt Entreprisë grad an der Informatik och heefeg no Leit mat vill Beruffserfarung sichen.
Op der anerer Säit verléieren Informatiker:innen hir Aarbecht, a fanne keng nei Plaz well se déi Kompetenzen, déi elo haut gefrot ginn eeben net hunn, wéi d'Isabelle Schlesser vun der ADEM erkläert. Souguer bei deenen héichqualifizéierte Persoune wier dat esou.
"An et ass do, wou mir mussen usetzen dann och ze kucken, fir mat Formatioun, do wou dat méiglech ass, dann ze probéieren, dass d'Leit déi richteg Kompetenzen och kréien."
Och d’kënschtlech Intelligenz hätt e groussen Impakt, esou d'Isabelle Schlesser. Oft géifen administrativ Tâchë fort falen. An Informatiker mat manner Erfarung géifen net méi sou oft vun Entreprisen engagéiert ginn, well eng KI des Tâchen iwwerhuele kéint. Dëst wier e Problem op den en sech misst astellen, erkläert d’Isabelle Schlesser, Direktesch vun der ADEM.