China wëllt méi Geschlossenheet mam russlandfrëndleche Block weisen. China a Russland gesinn de Sommet, eegenen Aussoen no, als Méiglechkeet, eng aner Weltuerdnung ouni d‘Dominanz vun den USA ze schafen.
Westlesch Länner Schold u Krich an der Ukrain
De Wladimir Putin huet an enger éischter Ried de russeschen Agressiounskrich géint d‘Ukrain verdeedegt a behaapt: Déi westlech Länner wiere Schold un där „Kris“.
Den indesche Premier Modi huet vum russesche President Putin en Enn vum Ukrainkrich an eng permanent Friddensléisung gefuerdert.
Indie gesäit sech, am Ukrainkrich als neutral an huet schonn e puer Mol gefuerdert, datt d‘Kämpf missten ophalen. Indien ass den Ament vun amerikanesche Sanktioune betraff, well d‘Land ee vun de gréisste Cliente vu russeschem Pëtrol ass.