Radioen

On air

Notturno  |  Althea & Donna - Uptown Top Ranking

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ China schléisst Militäraktioun géint Taiwan weider net aus

Nationale Vollekskongress zu Peking

China schléisst Militäraktioun géint Taiwan weider net aus

Fir déi chineesesch Regierung bleift den Uschloss vun Taiwan u China eng Prioritéit. China géif d'Vereenegung mat Taiwan konsequent weider verfollegen. Dat sot de chineesesche Premier Li beim Optakt vum nationale Vollekskongress zu Peking.

auto_stories

1 min

China Fändel | © Arthur Wang
China Fändel (Foto: Arthur Wang)

Hien huet virun enger Amëschung vu bausse gewarnt an eng Hausse vun de Militärdepensë vun iwwer 7 Prozent ugekënnegt.

Peking gesäit Taiwan als Deel vu China un a schléisst eng Militäraktioun net aus, fir eventuell Onofhängegkeets-Ustriewunge vun Taiwan ze stoppen.