Radioen

On air

Notturno  |  Will Epstein - Oyster Bay

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ China a Russland wëlle méi enk zesummeschaffen

Sergei Lawrow op Visitt zu Peking

China a Russland wëlle méi enk zesummeschaffen

China wëllt seng strategesch Zesummenaarbecht mat Russland verstäerken. Dat sot de chineeseschen Ausseminister Wang Yi haut zu Peking bei engem Treffe mat sengem russeschen Homolog Sergei Lawrow.

auto_stories

1 min

Sergei Lawrow | © picture alliance / Pacific Press | Lev Radin
Foto: picture alliance / Pacific Press | Lev Radin

Hien ass op offizieller Visitt a China fir déi diplomatesch an ekonomesch Lienen tëscht béide Länner weider ze verstäerken, wärend Russland mam Aggressiounskrich an der Ukrain weider fiert.

China huet och ugekënnegt, datt eng héichrangeg Delegatioun eng Visitt an Nordkorea geplangt huet. Dat op Invitatioun vu Pjöngjang. D‘Delegatioun soll ugefouert gi vun engem chineeseschen Top-Politiker aus der Spëtzt vun der Kommunistescher Partei. Si soll vum 11. bis den 13. Abrëll, also vun en Donneschdeg bis e Samschdeg, an Nordkorea sinn.

Déi Visitt kënnt zu enger Zäit an där Nordkorea probéiert, seng Zesummenaarbecht mat anere Länner, sou wéi och mat Russland, ze verbesseren.