Radioen

On air

Kannerradionuecht  |  Udo Lindenberg, Apache 207 - Komet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chef vum israeelesche Geheimdéngscht trëtt zeréck

Noen Osten

Chef vum israeelesche Geheimdéngscht trëtt zeréck

De Chef vum israeelesche Geheimdéngscht ass zeréckgetrueden. Am Zesummenhang mat den Attacke vun der Hamas op Israel de 7. Oktober zejoert hätt de Generol Aharon Haliva seng Demissioun presentéiert, huet déi israeelesch Arméi matgedeelt.

auto_stories

1 min

De Geheimdéngscht war vill kritiséiert ginn, well d‘Attacke vun der Hamas net vun Israel konnte verhënnert ginn.

D‘Demissioun gouf vum Verdeedegungsminister Joav Galant ugeholl. Deemno hätt de Militärgeheimdéngscht seng Aufgab net erfëllt wéi d‘Terroriste vun der Hamas de 7. Oktober bei hirem Iwwerfall méi wéi 1.200 Mënschen ermort hunn.