Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Charles Michel attackéiert Ursula von der Leyen

E PUER DEEG VIRUN DEN EUROPAWALEN

Charles Michel attackéiert Ursula von der Leyen

De Conseilspresident Charles Michel nennt déi aktuell Europäesch Kommissioun parteiesch an ze vill politesch. D’EU misst d’Rechnung dofir bezuelen, sou de belsche Liberalen an engem Interview.

auto_stories

3 min

Foto: European Union

D’Relatioun tëscht dem Conseilspresident an der Kommissiounscheffin ass net onkomplizéiert. Dat ass spéitstens zanter dem sou genannte “Sofagate” bekannt, wou de Belsche Liberalen der däitscher Chrëschtdemokratin op der Visitt beim tierkesche President Erdogan dee leschte Stull virun der Nues ewech geschnaapt hat. Dono hat d’Ursula von der Leyen vu Sexismus geschwat.

Elo schéngt Charles Michel wëlle Revanche ze huelen.

Von der Leyen-Kommissioun war net onparteiesch

EU Verträg soen, datt d’Europäesch Kommissioun muss onparteiesch sinn. Dat war awer an dëser Legislaturperiod net ëmmer de Fall, sou de Charles Michel an engem Interview mat Euobserver an Euractiv.

De Charles Michel nennt d’Beispill vum Stroumpräisdeckel, wou d’Kommissioun laang gezéckt huet eng Propos ze maachen, obschonn eng Partie Memberlänner insistéiert hunn.

Hien hëlt och de Krich an der Gazasträif als Beispill: D’Kommissiounscheffin hätt hei net d’Meenung vun alle Memberlänner respektéiert an ee konfuse Message erausgeschéckt. International hätt dat der EU geschuet - et hätt een d’Rechnung dofir misse bezuelen. Russland den Iran oder China géifen den Androck kréien, dat d’EU net konsequent ass.

Vertrags-Ännerunge wieren “domme Feeler”

Och, datt d’Kommissiounspresidentin sech fir Vertrags-Ännerungen ausgeschwat huet, gëtt net vum Charles Michel appreciéiert - dat obschonn sech zejoert a Biergerfore vill Leit genee dofir ausgeschwat haten. Et wier kuerz - oder mëttelfristeg een “domme Feeler” sech op eppes ze konzentréieren, wat “politesch onrealistesch” ass, sou de Charles Michel.

Eng ofgekillte Relatioun

D’Relatioun tëscht dem Conseilspresident Charles Michel - also där Persoun, déi d’Sitzunge vun de Staats- a Regierungscheffe leet - an der Ursula von der Leyen - also där Persoun, déi un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun steet, ass alles anescht ewéi häerzlech.

Dat war an dëser Legislaturperiod dacks ze spieren, zum Beispill wann déi zwee zesummen no engem EU-Sommet um Podium virun der Press stoungen.

Elo schéngt de fréiere belsche Premier zu enger leschter Attack auszehuelen - andeem hien et der däitscher CDU-Politikerin méiglechst schwéier maache wëll, een zweet Mandat unzetrieden.

D’Ursula von der Leyen huet gutt Chancen dofir.

Si ass Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei, déi de Sondagen no déi meeschte Stëmme kréie wäert. Allerdéngs muss si vun de Staats- a Regierungscheffe fir de Posten un der Spëtzt vun der Kommissioun nominéiert ginn.

Charles Michel leet Diskussiounen

Hie wier net deen eenzegen, deen déi Decisioun als “komplex” géif ugesinn, sou de Belsch. Am nämmlechten Interview betount hien och, datt se trotz dem Resultat vun de Walen e Sonndeg, eleng bei den EU-Staats- a Regierungscheffe läit.

D’Diskussiounen doriwwer fänken direkt no de Walen un an et ass de Charles Michel, dee se leede wäert. Onkloer ass bis elo, ob hie selwer op ee vun deenen héije Poste spekuléiert - hie war jo nodeems et Kritik gouf, net fir d’Europawalen ugetrueden. Hien hätt am Fall, wou hie gewielt gëtt, missen den 10. Juni als Rotspresident zerécktrieden.

Säi Mandat leeft offiziell nach bis den 30. November. Seng Successioun ass Deel vun den héije Posten, déi no den Europawalen nei ze besetze sinn.