Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Gary Burton, Chick Corea, Roy Haynes, Dave Holland, Pat Metheny - Like Minds

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Charles Goerens fillt sech net vun eegener Partei desavouéiert

Europawalen

De Charles Goerens fillt sech net vun eegener Partei desavouéiert

De Charles Goerens plädéiert weider dofir, doriwwer nozedenken, ob een d’Eestëmmegkeet a Steierfroen an der EU sollt ofschafen. Den DP-Europadeputéierten huet an eiser offizieller Table ronde virun den Europawalen insistéiert, mat där Positioun géif hien net géint d’Parteilinn verstoussen.

auto_stories

2 min

headphones

116 min

play_arrow
Charles Goerens (Foto: Archiv)

D’Deputéiert vun der DP haten Enn Abrëll an der Chamber eng Motioun vun der ADR matgestëmmt, déi d’Regierung opfuerdert op kee Fall a Fro ze stellen, datt ëmmer all d’Memberstaate mussen averstane sinn, wann d’EU Decisiounen an der Steierpolitik hëlt. Dat géif awer net heeschen, datt seng Partei dogéint wär “eng Reflexioun” doriwwer ze féieren, ob déi Reegel an Zukunft nach Sënn mécht, esou de Charles Goerens.

Den DP-Europadeputéierte betount zwar hie perséinlech hätt d’ADR Motioun “guer net ugeholl”, well de Regierungsprogramm vun DP an CSV souwisou virgesäit, datt d’Eestëmmegkeet a Steierfroen net dierf a Fro gestallt ginn. Doru misst een am Fong net vun enger Oppositiounspartei erënnert ginn. Datt seng Partei sech am Moment géint d’Ofschafe vun der Eestëmmegkeet ausschwätzt, géif awer net heeschen, datt si ni wéilt op dee Wee goen, seet de Charles Goerens. 

Nieft dem DP-Kandidat hunn am éischten Deel vun eiser offizieller Table ronde och Vertrieder vu Volt, Fokus, der CSV, Zesummen-d’Bréck, Mir d’Vollek, an Déi Konservativ sech an dëser Fro positionéiert. De ganzen Debat iwwer Wirtschaftspolitik an der EU kënnt Dir hei nach eng Kéier kucken. 

 

Lauschterenplay_arrow