Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
search

/ Changementer an der Chamber an an de Gemengen

Nei Regierung

Changementer an der Chamber an an de Gemengen

Elo wou déi nei Regierung steet, réckele souwuel an der Chamber wéi och an de Gemengen eng Rei Leit no. En Iwwerbléck iwwer d’Changementer an de verschiddene Bezierker a Gemengen.

auto_stories

2 min

An der Chamber réckele fir d’CSV Lëscht am Süden d‘Nathalie Morgenthaler an d‘Françoise Kemp no. Bei der DP sinn et fir de Süden d‘Barbara Agostino an d‘Mandy Minella.

Dräi Plaze gi fir d’CSV am Zentrum gefëllt. Dat duerch de Maurice Bauer, de Laurent Mosar an den Alex Donnersbach. Bei der DP kommen 2 Leit no, nämlech de Guy Arendt an de Patrick Goldschmidt.

Am Norde réckelt fir d‘CSV de Jeff Boonen no, a wann de Christophe Hansen effektiv EU-Kommissär gëtt, wier et den Tour vum Jean-Paul Schaaf. Bei der DP am Norde réckelt keen no.

Fir d’CSV Lëscht am Osten ass et um Stéphanie Weydert, bei der DP am Osten ass et de Gilles Baum.

Persounekarussell an de Gemengen

Mat der neier Regierung dréit och de Personalkarussell an de Gemengen.

Zu Esch dierft de Christian Weis neien CSV-Buergermeeschter ginn, zu Mamer de Luc Feller, och CSV. Zu Gréiwemaacher wäert d‘Monique Hermes iwwerhuelen, zu Schieren war de Jean-Paul Zeimes zweet gewielten hannert dem Eric Thill.

An der Stad gëtt nom Wiessel vum Serge Wilmes an d‘Regierung en neie Schäffe gesicht, och d‘Elisabeth Margue muss am Stater Conseil ersat ginn. Nächstgewielten op der CSV Gemengelëscht vum Juni sinn d‘Angélique Bartolini an de Bob Biver.