Radioen

On air

Vue sur mer  |  Ezra Collective - No One's Watching Me Feat. Olivia Dean

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chambre des Salariés: LCGB verléiert ee Sëtz un d'Aleba

Sozialwalen

Chambre des Salariés: LCGB verléiert ee Sëtz un d'Aleba

Knapp dräi Wochen no de Sozialwalen huet den Aarbechtsministère déi ronn 212.000 Walziedele fir d'Salariatskammer ausgezielt: D'Walbedeelegung ass nees liicht geklommen. Mee bei de Sëtz ginn et wéineg Verännerungen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Luis Boza
Foto: Archiv

Den OGBL behält an der Chambre des Salariés (CSL) déi absolut Majoritéit mat 37 Sëtz. Dat geet aus de Resultater ervir, déi den Aarbechtsministère um Samschdeg am spéide Mëtteg, kuerz virun Ouschteren, matgedeelt huet. 2019 haten den OGBL an de Landesverband zesummen och 37 Sëtz kritt. An der Suite vun deene Wale ware béid Gewerkschafte fusionnéiert. 

Den LCGB kënnt nach op 17 Sëtz. Dat ass ee Sëtz manner wéi 2019. 

D'Aleba klëmmt vu 4 op 5 Sëtz, de Syprolux bleift bei engem Sëtz. 

Den Taux de participation war ee vun de groussen Enjeue vun dëse Sozialwalen. No der Baisse vun der Walbedeelegung bei de leschte Sozialwalen hunn des Kéier nees liicht méi Salariée gewielt. 212.400 vu 617.000 hunn e Stëmmziedel ofginn. Domat läit d'Walbedeelegung bei 34,4 Prozent (+ 1,8 Prozentpunkte par Rapport zu 2019).

Am 100,7-Interview weist sech d'Nora Back, Presidentin vum OGBL zefridde mam Resultat. Et wier eng Unerkennung vun der Aarbecht an deene leschte 5 Joer. Och wa sech un der Unzuel u Sëtz näischt ännert.

"Den OGBL huet an alle grousse Secteure prozentual bäigeluecht. Sou bei der Arcelor, beim Bau, bei de Banken oder bei der Santé. An d'Walbedeelegung ass awer eropgaangen. Wann der sot 'keng grouss Changementer', mir hunn eng hallef Millioun méi Stëmmen, wéi 2019."

Interview lauschterenplay_arrow