arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chamberspresident Claude Wiseler verteidegt Auslandsreese vun den Deputéierten

National

|
headphones

1 min

headphones

10 min

play_arrow

Chamberspresident Claude Wiseler verteidegt Auslandsreese vun den Deputéierten

D'Reese vun den Deputéierte wiere wichteg fir Kontakter ze knäppen a Vertrauen zu anere Politiker:innen opzebauen. Am 100,7 Interview huet de Chamberpresident an CSV-Politiker Claude Wiseler d'Reese vun de Lëtzebuerger Deputéiert verteidegt.

headphones

1 min

headphones

10 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

D’Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat sech d'lescht Woch mat den Auslandsreese vun den Deputéierten auserneegesat an ënner anerem iwwer déi héich Käschten a verschidde Modalitéite vun den Auslandsreese bericht.

Fir de Chamberpresident Claude Wiseler wieren dës Visitten onofhängeg vun den Destinatiounen e wichtegen Deel vun der parlamentarescher Aarbecht. Grad bei internationale Gremie wier et wichteg, bei esou vill wéi méiglech Sëtzunge present ze sinn, erkläert de Chamberpresident. 

"Wa mir do den eidele Sëtz hunn, wa mir net do sinn, wa mir eis Meenung net vertrieden, da maache mir wierklech a mengen Aen e ganz grousse Feeler. A Lëtzebuerg huet, haaptsächlech, well mir e klengt Land sinn, all Interêt iwwerall do, wou et ka sinn, seng Plaz, seng Meenung ze vertrieden." 

Hie géif dat extreem wichteg fannen, esou de Claude Wiseler. 

play_arrow Lauschteren