Radioen

On air

De Weekend  |  Bert Goergen - DT Esch Abol

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chamber vun de Staatsbeamte wërft der CSV-Regierung Bedruch um Wieler vir

Eventuell Pensiounsreform

Chamber vun de Staatsbeamte wërft der CSV-Regierung Bedruch um Wieler vir

D’Chambre des fonctionnaires et employés publics waart weiderhi ganz ongedëlleg op eng Steierreform. Dat sot hire President um Dënschdegmoie bei der Presentatioun vun der CHFEP hirem Avis zum Staatsbudget 2025. Iwwerdeems gouf et nees Kritik un enger eventueller Pensiounsreform.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Déi Reform wier längst iwwerfälleg, esou de Romain Wolff, deen och net mat Kritik un den Diskussioune ronderëm eng eventuell Pensiounsreform gespuert huet.

Och si als Chamber vun de Staatsbeamte wieren der Meenung, datt de Wieler virun de Walen net ganz d'Wouerecht gesot kritt hätt. Esou géing dat awer net goen.

"Wann een an d'Wale geet, da seet ee wannechgelift de Leit d'Wourecht. An dat heiten Theema, dat war keen Theema an deene ganze Walen."

"Mir sinn net ganz naiv"

Et hätt een och misse constatéieren, datt de Chef vum Groupe parlementaire vun der CSV am Kader vun dëse Reforme gesot hat, datt et sech do géif ëm de Privé handelen. D'Chamber vun de Staatsbeamte wier awer "net ganz naiv", esou de Romain Wolff.

"Mir sinn eis wuel bewosst, datt et hei natierlech net nëmmen ëm de Privé geet."

De Romain Wolff ass och President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP.

Lauschterenplay_arrow