Encadréiert duerch Experten an Expertinne sollt ee Biergerrot der Regierung an de Sozialpartner konkret Proposen ënnerbreeden.
Ee Biergerrot iwwer d’Pensiounsreform géif nëmmen déi selwecht Proposen opbréngen, wéi déi vun der Zivilgesellschaft, déi sech schonn iwwer de Site schwätzmat.lu mat abrénge kann, sou d’Meenung vun der CSV an der DP.
"De Bols gëtt scho gefillt"
Déi breet Consultatioun am Kader vun der Pensiounsdebatt géif souwisou scho wäit iwwert déi üblech Consultatiounen erausgoen, huet den CSV-Deputéierte Marc Spautz argumentéiert.
“Net nëmmen e puer Auserwieltener am Kader vun engem Biergerrot, de Bols gëtt domat scho gefillt bei de Leit. Ee Konsens an engem gesellschaftlech representative Biergerrot zur Pensiounsfro ass e bëssen an eisen Aen onrealistesch.”
Och d’Oppositiounspartei ADR huet sech kloer géint dës Resolutioun ausgeschwat. Vill méi misst een op d’Experte lauschteren, déi sech souwisou schonn an dëser Diskussioun mat abrénge géifen. De Fred Keup huet souguer déi demokratesch Legitimitéit vun engem Biergerrot a Fro gestallt.
"Dat ass Null légétimité démocratique. Si sinn net gewielt a si kënnen net ofgewielt ginn, wat ganz wichteg ass an der Demokratie.”
LSAP a Piraten: All Form vu Participatioun wichteg fir d'Demokratie
Och déi Lénk hunn argumentéiert, datt a Saache Pensiounsfro op d’Gewerkschaften an op d’Chambre des salariés gelauschtert misst ginn. Just déi zwou aner Oppositiounsparteien, d’LSAP an d’Piratepartei, hunn d’Motioun vun déi gréng ënnerstëtzt. All Form vu Participatioun wier wichteg fir d’Demokratie. D’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding géif d’Angscht net verstoen, fir méi Leit an dës Diskussioun matanzebezéien. Fir si wier et éischter eng Beräicherung a géif d‘Aarbecht ënnerstëtzen.
"Et soll eis weider an eisen Iwwerleeunge bréngen. Grad wa mir wëlle breet consultéieren, fannen ech dat doten als Zousaz ganz wichteg.”
D‘Djuna Bernard huet sech enttäuscht driwwer gewisen, datt d’Resolutioun op esou vill Géigewand gestouss ass. Si hat gehofft, datt déi zoustänneg CSV-Ministesch Martine Deprez op een oppenen Dialog setze géif.