Op China misst een oppassen, huet den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet a senger Ried betount. Grad wann ee mat chineesesche Verhandlungspartner um Dësch géif sëtzen, misst ee Courage weisen.
Mir kënnen net hei am Haus de Retour vun der Demokratie feieren a gläichzäiteg eis Stëmm net erhiewen, wann d'Fräiheet an d'Demokratie mat Féiss getrëppelt ginn. Jo, mir si fir den Dialog, awer en Dialog mat Prinzippien an net nëmmen e frëndlecht Gepoters.
Gusty Graas anerer Meenung
Den DP-Deputéierte Gusty Graas war net ganz averstanen. Et misst ee ganz no un den Entwécklungen a China dru bleiwen, beispillsweis wat den Export vun Elektro-Autoe géif ugoen, esou de Gusty Graas, deen a senger Interventioun betount huet, de Krich an der Ukrain wier fir hie perséinlech grad de wichtegsten aussepolitesche Sträitpunkt. Op de Vladimir Putin zougoen, wier keng Léisung, well de russesche President net u Fridden intresséiert wier.
Den ADR-Deputéierte Fred Keup sot dozou:
Mengt Der wierklech et géif een eis ugräifen? Mengt Der wierklech Russland géif militäresch eis ugräifen? Ech op jidde Fall sinn iwwerzeegt, dass dat net geschitt, a ganz einfach aus engem Grond, well et och kee Sënn ergëtt.
Den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten huet de Krich an der Gazasträif kommentéiert:
Här President, et gëtt Plazen op der Welt, wou et net duergeet neutral ze bleiwen. Gaza ass eng dovun. Dat wat mir do gesinn, ass en humanitäre Kollaps, e Vëlkermord. An jo, hei huet d'Regierung gezéckt, gewaart, observéiert, bis et net méi anescht gouf.
Och wann den Ausseminister am September Palästina unerkannt huet, wier dat leider spéit komm, esou de Yves Cruchten.
Motioun net ugeholl
Eng Motioun vun der LSAP, fir blesséiert palästinensesch Kanner zu Lëtzebuerg ze soignéieren, ass iwwerdeems net ugeholl ginn, dat mat 35 Nee-Stëmmen, 20 Jo-Stëmmen a 5 Abstentiounen.
Premier géif den Toun an der Aussepolitik uginn
D’Sam Tanson vun Déi gréng huet der Chamber gemengt, an der Lëtzebuerger Aussepolitik géif de Premier dacks den Toun uginn, an net den Ausseminister Xavier Bettel. Si hätt d’Gefill, datt de Premier Luc Frieden an de Xavier Bettel sech net richteg géifen ofschwätzen.
Ee Beispill wier den Ëmgank mat Palästina – et wier um Premier ze decidéieren, ob a wéini ee Palästina géif unerkennen, esou d’Sam Tanson. Si gëtt d'Beispill Sanktiounen am Kontext Israel, wou de Premier dofir plaidéiert hätt, dës just op EU-Niveau ze maachen an de Xavier Bettel zu Recht en nationale Kader an d’Spill bruecht hätt.
"An dann Montenegro: Dir hutt gëschter vill mei reservéiert geklongen ouni iech awer wierklech ze prononcéieren, sidd dir och der Meenung datt e Bäitrëtt fir 2026 opportun ass , wéi de Premier dat am EU-Parlament sot? Beispill och Ruanda wou de Premier net wousst datt dir net direkt en Faveur vun de Sanctioune waart."
Si géif iwwerdeems de Premier vun der fréierer Gambia-Regierung vermëssen a sech froen, ob hie seng fréier Wäerter hannert sech gelooss hätt, sou nach d’Sam Tanson un d’Adress vum Xavier Bettel.