Dës dräi nei Sektioune sinn d'Sektioun N fir Entreprenariat, Finanzen a Marketing; d'Sektioun P fir Kognitiv- a Geeschteswëssenschaften; an der Sektioun R fir Politik an nohalteg Entwécklung.
Besser Preparatioun op spéider Studien
D’Rapportrice Barbara Agostino vun der DP huet preziséiert, datt déi nei Sektiounen N an R elo schonn am Kader vun engem Projet fir pedagogesch Innovatioun am ECG, bezéiungsweis am Athénée existéieren, an duerchaus gutt ugeholl an ëmgesat géinge ginn.
D'Zil wier et, d’Schüler beschtméiglech op hiren Diplom an eventuell weider Studien ze preparéieren.
Eng equilibréiert Offer ubidden
Den Zougank zu dësen 3 neie Sektioune soll dann och an all de Regioune vum Land gläichermoosse méiglech sinn, fir eng ongläich Behandlung vun de Schüler, jee nodeems a wéi enger Regioun se de Lycée besichen, auszeschléissen.
"Dëst soll elo net heeschen, datt all eenzelne Lycée all Sektioun ubitt, mee datt eng equilibréiert Offer an deene verschiddene Pole vum Enseignement secondaire classique, am Norden, Süden an am Zentrum virgesinn ass.”
Déi nei Sektioune solle virun allem méi e grousse Choix an eng besser Preparatioun op d’Héichschoulstudien an d’Realitéite vun der Gesellschaft duerstellen.