D’Chamber wier um Dënschdeg vu Bierger iwwer d’Problemer informéiert ginn, well hir Nimm no der Signature vun enger Petitioun net verëffentlecht goufen. Dëse Problem, an deen, datt a gewësse Fäll Ënnerschrëften net mat gezielt goufen, goufen et zënter Mëtt Mäerz dëst Joer.
Als eng Ursaach gouf haut ee Feeler an enger URL-Adress um Internetsite genannt.
Petitioune kënnen nei opgemaach ginn
Den technesche Problem géif elo gefléckt ginn, huet de Claude Wiseler erkläert. Soubal dat geschitt ass, sollten och déi Nimm bei d'Petioune stoe kommen, bei deenen dat elo nach net de Fall war.
"An déi aner, do wou Petitioune schonn ofgeschloss sinn, wou de Problem sech och hätt kënne stellen a gestallt huet, déi gi rëm, wann de Petitionnaire dat wëllt, frësch opgemaach."
Vun de Problemer betraff ware potentiell 80 Petitiounen.
Déi Petitiounen, déi schonn zou sinn, kënnen also elo fir eng nei Period opgemaach ginn, fir weider ënnerschriwwen ze ginn, huet d’Chamber decidéiert.
Nieft den technesche Léisunge soll wéinst de Problemer och een externen Audit gemaach ginn.