Wa Rechnungen net ganz kënnen nogewise ginn, kann een Doute bestoen, datt se bewosst falsch ausgestallt goufen, huet den Educatiounsministère preziséiert. Fir dat ze klären, wier den Audit un de Parquet gaangen.
Dësen Audit war am Optrag vum Ministère gemaach ginn, wéinst ënner anerem dräi Facturen an Héicht vun 1,9 Milliounen Euro vun der Sàrl. GGM11 un de Luxembourg Science Center. GGM11 gehéiert dem President an Direkter vum Science Center zu Déifferdeng.
De Parquet Lëtzebuerg huet eis confirméiert, vum Ministère mam Dossier befaasst ginn ze sinn. Detailer kéint een de Moment nach keng nennen.