Hie géif den Depardieu als Acteur bewonneren, sot de Macron gëschter. Wat aktuell géif lafen, wier eng Mënschejuegd. Esou eppes kéint hien net leiden.
Déi franséisch Kulturministesch Rima Abdul Malak huet annoncéiert, datt den Depardieu seng Legion d‘Honneur soll ofgeholl kréien. Deen Uerder wier keng Auszeechnung fir moralesch Verdéngschter, esou awer de Macron.