arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Carsharing Service Carloh fusionnéiert eventuell mat CFL-Flex

Diskussioune lafen

|
reading time

2 min

Carsharing Service Carloh fusionnéiert eventuell mat CFL-Flex

De Stater Carsharing Service Carloh huet an de leschte 7 Joer Verloschter gemaach. All Joer hätt d’Perte bei ëm déi 500.000 Euro geleeën, Dat sot de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt op Nofro vum Conseiller François Benoy vun déi gréng.

reading time

2 min

Patrick Goldschmidt | © Morgane Weidig
Patrick Goldschmidt (Foto: Morgane Weidig)

Zwar wieren am selwechten Zäitraum d’Unzuel un Abonnenten an d’Trajeten eropgaangen, dat hätt awer kee positive finanziellen Effet, gëtt de Patrick Goldschmit zou. Och gréisser Campagnë fir Reklamm fir de Service ze maachen, hätte kee gréisseren Impakt gehat. De Patrick Goldschmidt sot, de Service kéint a senger aktueller finanzieller Situatioun nach bis 2028 funktionéieren.

Car-sharing wier awer ee wichtege Bestanddeel vun der Stater Mobilitéit, ënnersträicht de Patrick Goldschmidt. Hie confirméiert, datt d’Stad momentan mat CFL diskutéiert fir eng gemeinsam Léisung mat hirem Service Flex ze fannen.

"D'Richtung ass éischter, datt mer kucken, datt alles iwwer Flex kéint gemaach ginn. Da muss ee kucken, ob mer dat och juristesch an op all de Pläng hikréien."

Dës Diskussioune géifen och positiv verlafen. Iwwerdeems huet de Patrick Goldschmidt och erënnert, datt haut an de Stater Quartiere Märel, Hollerech a Lampertsbierg d’Testphas vun de Mesurë fir d’Verkéiersberouegungen ufänken. Dës Testphas soll 8 Wochen daueren.

Testphase vun der Verkéiersberouegung si lancéiert

An de Stater Quartieren Hollerech, Märel a Lampertsbierg hunn iwwerdeems gëschter um Méindeg d’Testphase vun de ënnerschiddleche Mesure fir d’Verkéiersberouegungen ugefaangen. Elo hätten d’Leit déi 8 Woche Summervakanz Zäit, sech un déi nei Mesuren ze gewinnen, seet de Mobilitéitsschäffen.

All d’Reglementatioune wieren elo en place. Déi sougenannt "Berliner Kissen" wieren awer nach amgaangen, placéiert ze ginn. Dës Erhéijungen an de Stroosse sollen d’Automobilisten dozou bréngen, ze bremsen.

De grénge Gemengeconseiller François Benoy awer mengt, datt grad um Lampertsbierg "Berliner Kissen" als Mesuren net géifen duergoen.

"A mir bezweifelen eigentlech, datt dat de reellen Impakt huet, deen een hätt kënnen hunn. Um Lampertsbierg gëtt nämlech leider net un der Substanz dru geschafft, fir den Duerchgangsverkéier erauszekréien. Et gëtt just op zwou ganz klenge Plaze de Verkéier ëmgeleet."

De Mobilitéitsschäffe vun der DP huet dorop verwisen, datt "Berliner Kissen" net déi eenzeg Moossname wieren, déi geholl goufen. Notamment wieren och dräi weider Stroossen zu 30er-Zone gemaach ginn, an eng Rei Stroosse wieren zu Sens-uniquë gemaach ginn.

No der Testphas géif een e Bilan maachen a kucken, ob a wéi ee mat de Mesure virugeet.