arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Carole Hartmann: Geplangten Ännerungen am Santésberäich si keng Liberaliséierung

Gesondheetssecteur

|
headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Carole Hartmann: Geplangten Ännerungen am Santésberäich si keng Liberaliséierung

Esou wéi de schwaarz-bloe Koalitiounsaccord et géif virgesinn, géifen déi geplangten Ännerungen am Gesondheetssecteur zu enger Verbesserung fir d'Patienten a Patientinne féieren, andeems d'Waardezäite reduzéiert ginn, mengt d'DP-Presidentin Carole Hartmann.

headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Carole Hartmann | © Chris Zeien
Carole Hartmann (Foto: Chris Zeien)

An de leschte Wochen an Deeg wier et ganz vill Opreegung an Diskussioune gi ronderëm de Gesondheetssecteur, grad zënter der Kënnegung vun der Konventioun vun der CNS vun der AMMD. Aner Dokteren zu Lëtzebuerg fannen, et dierft een net ze vill un dee System fréckele goen. 

Si selwer hätt ganz vill Gespréicher mat der CSV-Gesondheetsministesch geféiert, an d'Ministesch Martine Deprez géif, grad wéi d'DP, hanner dem Koalitiounsaccord stoen. Dee géif iwwerdeems keng komplett Liberaliséierung vum Gesondheetssystem virgesinn, esou d'Carole Hartmann. 

"Mir sinn eis do awer ganz kloer eens ginn op de Course, dee mir wëllen, esou wéi et de Koalitiounsaccord virgesäit, och anhuelen. An dee gesäit keen Deconventionnement vir an dee gesäit keng Medezin vun zwou Klasse vir an dee gesäit keng Kommerzialisatioun vun der Medezin vir."

Doktere sollen dat lescht Wuert behalen 

Esou wéi den aktuelle Lëtzebuerger Gesondheetssystem wier, wier sécher net alles schlecht.

De System géif op staarke Cliniquen a gutt ausgebiltem Personal opbauen, esou d'Carole Hartmann. An deene geplangten Dokteschgesellschaften ausserhalb vu Spideeler sollen dowéinst och d'Dokteren an d'Gesondheetspersonal dat lescht Wuert behalen, esou d'Carole Hartmann. 

"(...) datt den Dokteren eleng och déi, déi déi an deem an engem Cabinet exerzéieren, datt déi solle Member sinn an dësen Dokteschsocietéiten. Dat heescht, dat ass fir eis eng wichteg Viraussetzung, fir datt mir weider och an deem Gesondheetssystem bleiwen, dee mir haut hunn."

D'Financièren, déi d'Gesellschaft géife finanzéieren, sollen net dat finaalt Wuert hunn, esou d'Carole Hartmann. 

play_arrow Lauschteren