Et wier gutt, datt d'Leit och an deene leschte Joren net u Pouvoir d'achat verluer hunn, och wann d'Wirtschaft zanterdeem net méi esou staark wiisst. Trotzdeem géifen et vill Fuitten an d'Ausland ginn, esou de Carlo Thelen.
Fléissen ze vill Lëtzebuerger Suen an d'Ausland?
Dobäi wier Lëtzebuerg wirtschaftlech ofhängeg vun der Wirtschaft an Europa, an där géif et net gutt goen. Well Lëtzebuerg eng grouss Demande aus dem Ausland brauch, huet déi auslännesch Wirtschaft e groussen Impakt op de Lëtzebuerger Modell. Ëmmerhi wier een eng Croissance vun 3 Prozent gewinnt gewiescht, mëttlerweil géif de Wuesstem awer bei just engem Prozent leien.
Dat wiere vill Leit sech a sengen Aen net bewosst, well hir Kafkraaft weiderhi stabel bliwwe wier, mengt de Carlo Thelen.
"Trotzdeem muss een och do soen, mir hu vill Fuitten an d'Ausland. Wann Dir zu Lëtzebuerg de Leit méi Sue gitt, da gëtt dovunner vill an d'Vakanzen oder an aner Saachen investéiert, déi net der Lëtzebuerger Wirtschaft zegutt kommen. (...) Mee do gesäit een, datt mir net méi kënnen elo weider esou ausginn, wéi mir virdru konnten ausginn, well eeben déi Suen net méi vun esou erwirtschaft ginn, wéi virdrun."
Stellt de Lëtzebuerger Staat ze vill Leit an?
Och fir d'Kompetitivitéit an d'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg ze behalen, bréicht et e klore Kader, beispillsweis an der Digitaliséierung. Do géif et un Talenter aus dem Ausland feelen.
Dobäi kéim, datt déi meeschten Aarbechtsplazen net am Privatsecteur, mee beim Staat kreéiert géif ginn. De Carlo Thelen nennt e puer Zuelen: an de leschten 10 Joer wier den Emploi zu Lëtzebuerg ëm 25 Prozent gewuess - beim Staat wier en ëm 42 Prozent eropgaangen.
"Do muss ee sech eeben d'Fro stellen: Gëtt do genuch Iwwerleeunge gemaach fir de Leit, déi an d'Pensioun ginn, ob déi wierklech mussen ersat ginn? Kann een net duerch méi transversaalt Schaffen, méi Siloen ofbauen, méi Digitaliséierung, méi Formatioun, ob een do net kann awer sech d'Fro stellen, mussen déi Leit ëmmer alleguer ersat ginn?"
Virun allem mat Bléck op d'Kënschtlech Intelligenz mengt de Carlo Thelen, datt een deem ganz positiv soll entgéinttrieden, well mat KI kéint een de Staatsapparat méi bëlleg gestalten.