Senger Partei no wier hien ënnerwee Richtung Belsch. Déi spuenesch Police sot hirersäits et wier net ausgeschloss, datt de Carles Puigdemont nach am Land wier. D‘Aussoe vun der Partei wieren net vertrauenswierdeg.
Den Donneschdeg war de Puigdemont iwwerraschend zu Barceona opgetaucht, nodeems hien 7 Joer am Exil gelieft huet. Hien huet eng kuerz Ried gehalen an dobäi eng Arrestatioun riskéiert. Dozou koum et awer net, wéi et an deem Fall weider geet, bleift ofzewarden.