Am Kader vun engem Jugement sur Accord sollen déi zwee Männer eng Prisongsstrof vun 18 Méint kréien, 15 dovunner op Sursis. D'Argumenter vum Parquet fir dësen Accord sinn ënner anerem, datt déi 2 net virbestrooft sinn an datt si bei der Justiz-Enquête kooperéiert hunn. D'Geriicht entscheet de 15. Juli, ob den Accord duerch een Urteel confirméiert gëtt, oder ob déi 2 Männer sech amplaz engem Prozess musse stellen.
Et war eng zimmlech grouss Iwwerraschung, wat den Dënschdeg um Geriicht geschitt ass. Well eppes ass kloer: D'Justiz-Enquête am Caritas-Dossier ass komplizéiert an nach net ofgeschloss, et kann nach Joren daueren, bis et zu engem oder méi Prozesser kënnt. An da rechent een net scho mat éischten Urteeler. Genee dat kéint elo awer geschéien, also datt zwou Persoune scho kéinte verurteelt ginn, an datt dofir ee Prozess néideg ass.
9 Money Mules sinn net déi déck Fësch
Bis ewell goufen an der Caritas-Affär 9 Leit festgeholl. Déi 9 Männer sëtzen an Untersuchungshaft a si kréie reprochéiert, datt si sougenannt Money Mules sinn.
Si solle Bankkonten a Spuenien opgemaach hunn: Déi Konten, op déi déi 61 Milliounen Euro, déi d'Caritas zejoert geklaut krut, als éischt iwwerwise goufen, éier se da weider uechter d'Welt transitéiert sinn.
Et ass kloer, datt déi 9 Leit, déi dës Konten a Spuenien opgemaach hunn, selwer net hanner der Fraude stiechen. Dat sinn also sécher net déi déck Fësch, no deenen d'Justiz nach ëmmer sicht.
D'Fro, déi sech elo gestallt huet war, firwat sollen déi presuméiert Money Mules elo jorelaang op ee grousse Caritas-Prozess waarden, obwuel hir Roll elo scho kloer ass? Den Auswee aus där Situatioun ass ee Jugement sur Accord, also u sech eng Strof, op déi de Parquet an déi Ugeklote sech baussent engem Geriichtsprozess eens ginn.
Riichter muss elo entscheeden
De Parquet ass sech mat deenen 2 Männer aus Bulgarie jeeweils op déi selwecht Strof eens ginn. Nämlech 18 Méint Prisong, dovu 15 op Sursis an eng Geldstrof vun 3.000 Euro.
Keng ganz haart Strofen, wann ee bedenkt, datt et hei ëm Escroquerie, Blanchiment an Association de malfaiteurs geet. Mee d'Vertriederin vum Parquet huet den Dënschdeg erkläert, déi zwee Männer wieren net virbestrooft, a si hätten an der Justiz-Enquête gutt kooperéiert.
Elo muss de Riichter entscheeden, ob e mat deem proposéierten Accord averstanen ass. Dat soll nächsten Dënschdeg geschéien.
Souwäit mir wësse lafen nach Gespréicher, ob eenzeler vun deenen aner 7 Ugeklote och esou een Accord mam Parquet kéinte fannen. Dat schéngt awer net esou evident, well si deels manner kooperativ sinn, oder och virbestrooft. Dat heescht awer net, datt déi aner 7 elo nach jorelaang an Untersuchungshaft bleiwen, bis si dann de Prozess gemaach kréien.
Onkloer op Masterminds wäerte kënne fonnt ginn
An den nächste Méint muss ee mat weidere Festname rechnen, bis ewell goufe jo just déi 9 Leit festgeholl, déi d'Konten a Spuenien opgemaach hunn, mee vun do aus sinn déi 61 Milliounen Euro, déi d'Caritas geklaut huet, dann op Honnerten aner Konten uechter d'Welt weider transitéiert. Do si wuel nach vill méi där Money Mules implizéiert. Éier d'Enquête da vläicht bei Leit féiert, déi d'Fraude méiglecherweis mat orchestréiert hunn.
Onkloer bleift, ob déi eigentlech Masterminds hanner där Fraude an déi geklaute Sue jee wäerte fonnt ginn. Dat sot eis gëschter och nach emol d'Affekotin vun der Caritas, d'Nora Dupont, déi och um Geriicht war:
"Ech mengen iergendwéi muss ee realistesch sinn. Ech weess net wéi optimistesch mir kënnen an där heite Geschicht sinn. Ech denken awer, datt wann d'Instruktioun op där dote Kadenz virugeet, dann ass dat op alle Fall mol gutt. ‘Follow the money’ ass ëmmer eng gutt Iddi. Mee ob mir bis zum Schluss do kommen, dat steet mengen ech nach an de Stären. Oder vläicht bei den Enquêteuren um Computer, dat weess ech net."
Ze kläre bleift jo och nach, wéi eng Roll d'Caritas-Finanzdirektesch genee gespillt huet. Si ass inculpéiert awer net an Untersuchungshaft. Si seet, si wier hei op ee sougenannte Presidententrick eragefall, also si hätt gemengt, datt si déi Iwwerweisungen am Optrag vun hirem Chef gemaach hätt.
D'Theema bleift dës Woch iwweregens aktuell. Muer um Donneschdeg debattéiert d'Chamber iwwer hir Conclusiounen aus deem, wat zejoert bei der Caritas geschitt ass.