2023 wier nämlech dat bescht Joer ausserhalb vun engem Covid-Joer, betount de Cargolux-Finanz-Direkter, Maxim Straus. Den Nettogewënn vun 286 Milliounen Dollar wier doduerch bedéngt, datt d‘Präisser dee Moment nach relativ gutt gewiescht wieren.
„Mir hate Präisser „agelocked“ 2022, déi nach am éischte Quartal 2023 applizéiert sinn.“
2023 manner geflunn
D’Cargolux wier d’lescht Joer awer och manner geflunn, betount de Finanzdirekter vun der Cargolux. De weltwäite Cargomarché wier wéinst dem méi héije Passagéieropkommen ëm zwee Prozent erofgaangen.
„An doduerch hu mir overall 12 Prozent manner Tonnen d’lescht Joer geflunn, wéi dat Joer virdrun 2022."
Luxcargo Handling schafft vum 1. Mee un
Enn 2023 hunn 2.540 Persoune fir d‘Cargolux zu Lëtzebuerg geschafft. Vun nächster Woch u kommen 1.200 Mataarbechter dobäi. Déi nei gegrënnte Cargolux-Duerchterfirma, Luxcargo Handling, krut nämlech am Dezember zejoert eng vun den zwou Lizenze fir de Cargo-Handling um Findel, dee bis elo vu Luxair gemaach ginn ass. Luxcargo Handling iwwerhëlt deemno d’Aktivitéiten an d’Personal vu Luxair, seet de Finanzdirekter, Maxim Straus. Vum éischte Mee u kéint Luxcargo Handling da fir d‘Cargolux an aner Cliente Fligeren an- an auslueden.
Läschfligeren: Deel vun enger Diversifikatiounsstrategie
Enn d’lescht Joer krut d’Cargolux och hir éischt zwee Läschfligeren. Déi wieren Deel vun der Diversifikatiounsstrategie, esou de Cargolux-Direkter, Richard Forson. Geplangt wier an enger éischter Phas 12 esou Läschfligeren ze kafen, huet den Direkter op Nofro vun der Press preziséiert.