arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Care Lëtzebuerg: Hëllef ubidden op puer verschiddene Kontinenter

Hëllefsorganisatioun

|
headphones

3 min

headphones

10 min

play_arrow

Care Lëtzebuerg: Hëllef ubidden op puer verschiddene Kontinenter

Den Thomas Kauffmann ass zënter engem Mount Direkter vu Care Lëtzebuerg, enger Hëllefsorganisatioun, déi hiren Ursprong am Zweete Weltkrich huet. Am 100,7-Interview schwätzt hien iwwer hir Missiounen an den Impakt vun der Caritas-Affär.

headphones

3 min

headphones

10 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Den Zweete Weltkrich stellt d’Gebuertsstonn vu Care duer. Fir de Leit an Europa ze hëllefen, sinn aus den USA Päck mat Iesse verschéckt ginn. Bis 1960 huet dës Hëllef ugehalen. E grousse Succès, wéi och den Thomas Kauffmann betount.

Eng 100.000 Päck mat Iesse sinn an där Zäit geliwwert ginn.

Net vun der Trump-Administratioun ofhängeg

Duerno huet sech d’Organisatioun nei erfonnt. Den Haaptpilier ass d’Solidaritéit bliwwen, an d’Virgoe géint Ongläichheeten an Aarmut ass d’Haaptzil ginn.

Haut ass d’Associatioun a Form vun enger Confederatioun organiséiert a regruppéiert 21 Membere ronderëm d’Welt. Den Thomas Kauffmann betount awer, datt all Land onofhängeg agéiert.

Care Lëtzebuerg, déi 2008 gegrënnt gouf, ass also net vun der Schwësterorganisatioun Care USA ofhängeg, déi d’Konsequenze vun der Trump-Administratioun aktuell ze spiere kritt.

Care Lëtzebuerg konzentréiert sech op zwee Voleten: Alimentär Hëllefen a Laangzäit-Projeten.

Situatioun am Sudan: Op lokal Partner zeréckgräifen

Aus der Gazasträif ass rezent d’Nouvelle komm, datt d’Malnutritioun weiderhin eng grouss Gefor bleift, een awer net méi vun enger Hongersnout schwätze kann. Effektiv hätt sech d’Situatioun verbessert, esou den Thomas Kauffmann. 

Am wichtegste wier et elo d’Géigend nees opzebauen an humanitär Besoinen ze garantéieren.

Och am Sudan ass Care Lëtzebuerg via lokal Partner um Terrain aktiv. Innerhalb vum afrikanesche Land kënnt et zu massiven Deplacementer vun der Populatioun. Hëllefen a Form vu Liewensmëttel, Medezin a Logistik ginn hei vun der Organisatioun offréiert.

Vum Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt

De Laangzäitprojet vu Care beschäftegt sech mat der Situatioun vu Mammen an hire Kanner 1.000 Deeg no der Gebuert. Et ass an där Zäit, wou souwuel d’Kand, wéi och d’Mamm am vulnerabelste sinn, betount den Thomas Kauffmann.

A 4 Länner ass Care mat deem Projet um Terrain ënnerwee: Niger a Benin, Laos a Myanmar.

Alles, wat Liewensmëttelhëllef ugeet, ass zu 100 Prozent vum Lëtzebuerger Staat finanzéiert. Laangzäitprojete sinn zu 80 Prozent co-finanzéiert. Da bedeit, datt fir all Euro, dee gespent gëtt, 4 Euro vum Staat bäigeluecht ginn.

Care Lëtzebuerg an den Impakt vun der Caritas-Affär

Iwwerdeems hätt d’Caritas-Affär e Schock verursaacht, virun allem e Schock a Saache Confiance vum Donateur. Et wier ee sech bewosst ginn, datt och zu Lëtzebuerg esou eng Affär am karitative Secteur stattfanne kann.

Care Lëtzebuerg hätt d’Chance, datt si op trei Donateuren zeréckgräife kéinten. Dofir hätte si net ënner der Caritas-Affär gelidden, erkläert den Thomas Kauffmann.

play_arrow Lauschteren