D’Direktioun vum Grupp Cactus erkläert an engem Schreiwes, datt de Contrat de bail dee Moment ausleeft. D'Gebai wier an enger Zon, an där et aktuell vill gréisser Chantieren iwwer eng laang Zäit géing ginn.
De Cactus Hobbi war zënter 1994 an deem Gebai.
D’Direktioun verséchert am Communiqué, datt kee Salarié seng Plaz duerch d‘Fermeture verléiert. Déi 34 Salariéen, déi vun der Fermeture concernéiert sinn, sollen an aner Geschäfter vum Cactus-Réseau reaffektéiert ginn.