arrow_back_ios

article

article

/ "Ca$ino" vum Baby Keem: Tëschent dem Jackpot a mënschlechen Déiften

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

"Ca$ino" vum Baby Keem: Tëschent dem Jackpot a mënschlechen Déiften

De Baby Keem huet seng Fans fënnef Joer laang op nei Musek waarde gelooss. Ouni grousse Roll-Out huet hie säi véierte Studioalbum erausbruecht a ka mat sengem ganz eegenen Hip-Hop-Style nach eng Kéier iwwerzeegen.

headphones

3 min

De Baby Keem
De Baby Keem

Den Hykeem Carter, bekannt ënner sengem Kënschtlernumm Baby Keem, ass ee 25 Joer ale Rapper, Songwriter a Produzent aus den USA.

2018 huet hie säin éischten Album mam Numm “The Sound of Bad Habit” erausbruecht. Mat sengem zweete Studioalbum huet hien 2019 dunn direkt nach eng Schëpp drop geluecht a konnt en éischte Chart-Erfolleg mat der Single “Orange Soda” feieren.

Spéitstens zënter 2021 hat hien du säin Duerchbroch mat sengem drëtten Album "The Melodic Blue". Fir säi Lidd "family ties", dat säi Rap-Superstar-Cousin Kendrick Lamar als Feature drop huet, krut hien 2022 de Grammy fir déi beschte Rap-Performance.

Vun engem Underground Kënschtler kann ee beim Baby Keem also definitiv net méi schätzen.

Keen normalen Hip-Hop-Album

Eng Woch virum Release vum Album huet de Baby Keem eng Dokumentatioun iwwer dräi Deeler op YouTube verëffentlecht. All Deel huet aner Lidder vum Projet kuerz ugeteased. An de Videoen ass et vill ëm seng Kandheet zu Las Vegas gaangen.

Scho mat "The Melodic Blue" huet de Baby Keem bewisen, datt Rap vill Facettë kann hunn. Och op sengem neisten Album mam Numm "Ca$ino" kann ee vu villem awer net vu langweilegem Hip-Hop schwätzen.

Den Album huet op sengen 11 Songs a senger 37 Minutten Dauer esou vill méi ze bidde wéi gewéinleche Rap.

Et ass en Abléck an dem jonke Museker säi Kapp a seng Kandheet. Hien experimentéiert op quasi all Lidd mat neie Beats, Samples a Flows. Och seng Stëmm, déi ee bei sengen éischte puer Albumen als éischter méi héich an Erënnerung hat, taucht a ganz neien Téin op.

Seng Fans behaapten, hie wier an de fënnef Joer, wou hie keng Musek erausbruecht huet, erwuesse ginn. A wann een d'Texter vun "The Melodic Blue" mat deene vu "Ca$ino" vergläicht, kéint een dat wierklech mengen.

D’Metapher hanner Casino

Op der Release Party vum Album huet de Baby Keem erkläert, datt hien den Album "Ca$ino" genannt huet, well et eng Metapher fir d’Liewe wier. Euphoresch Héichten, grouss Déiften, Gléck, dat zu all Moment Pech ka ginn an natierlech massiv Risiken, déi een agoe muss fir den Jackpot ze gewannen, oder eebe mat näischt herno do ze stoen.

Eng zweet Erklärung ass natierlech seng schwéier Kandheet an de manner schéine Géigende vu Las Vegas. An do geet et eebe vill ëm dem Kënschtler seng Mamm. Drogeproblemer, grouss ginn ouni richteg Elteren an nach ganz aner Déiften aus sengem Liewen, déi hie musikalesch verschafft.