arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CSV wëllt keng Politik vun "nëmmen no sech kucken" maachen, esou de Luc Frieden

Neijoerschreceptioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

CSV wëllt keng Politik vun "nëmmen no sech kucken" maachen, esou de Luc Frieden

D‘CSV hätt an de leschten zwee Joer villes gutt gemaach, mee si kéint och nach villes besser maachen. Dat sot den CSV-President a Premier Luc Frieden gëschter um Donneschdegowend um Neijoerschpatt vun der CSV zu Rued-Syr.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
CSV Neijoerschpatt 2026 | © Pierre Reyland
CSV Neijoerschpatt 2026 (Foto: Pierre Reyland)

Dobäi huet de Luc Frieden och no vir op déi nächst Walen 2028 gekuckt.

Um Neijoerschpatt huet hien zwar net widderholl, datt hien am Mäerz um CSV-Kongress nach emol als Parteipresident géif kandidéieren. Mee hien huet virun de Leit, déi op den CSV-Patt komm waren, en Opruff gemaach, d‘CSV misst déi formidabel Energie an Eenheet aus de Wale vun 2023 weider mathuelen. 

Stabilitéit, Fridden an Zesummenhalt

Well et hätt schwéier Momenter ginn, huet de Luc Frieden zouginn, ouni ze soe wéi eng, an ouni d‘Pensiounsreform oder de Sozialdialog ze erwänen.

Zesummenhalt, Stabilitéit a Fridde waren d‘Wierder, déi de Luc Frieden gëschter Owend ëmmer nees genannt huet. Well déi global Situatioun wier dramatesch, sot hien, mat ëmmer nach dem russesche Krich géint d‘Ukrain, mat massiver ekonomescher Konkurrenz vu China, a mat der America-First-Politik vum Donald Trump.

Staark Wirtschaft als Lëtzebuerger Stäerkt 

D‘CSV an d‘Regierung wéilte keng esou Politik vun "nëmmen no sech kucken“ maachen, huet de Premier betount.

An awer misst Lëtzebuerg och op seng eege Stäerkte setzen. An dat wier, dem Premier no, virun allem eng staark Wirtschaft. Well ouni déi géif et och kee staarke Sozialstaat, ouni eng staark Wirtschaft kéint déi ekologesch Transitioun an d‘Digitaliséierung net finanzéiert ginn. 

Der CSV hir Stäerkt wier et, Mënschen zesummenzebréngen, sot de Luc Frieden nach um Enn vu senger Ried um Neijoerschpatt vu senger Partei. A Jo, et géif heiansdo Meenungsënnerscheeder bei der CSV ginn, mee bei Fundamentalem wier ee sech eens.

play_arrow Lauschteren