D’Sam Tanson vun déi gréng kritiséiert de Staatsbudget fir 2026 virun Allem dowéinst, well d’CSV-DP-Koalitioun domat net géif wäit an d’Zukunft kucken. Et géif ee just op déi nächst zwee, dräi Joer kucken, a Risiken ausblenden, wéi den Tanktourismus, d’Tubaksteier oder potentiell Krisen, esou déi gréng Deputéiert.
“Mat deem Zäithorizont kann een an dësen Zäiten net Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerken. (...) Ass dat dann elo d'Stoussrichtung vun der Regierung fir déi zweet Hallschent vun der Legislatur?”
Wichteg Facteuren net beuecht
Iwwerdeems géif d’Regierung net drop agoen, datt an Zukunft d’Wirtschaft éischter schwaach wuesse géif a vun externe Facteure kéint staark beaflosst ginn. Fir eng kleng, oppe Wirtschaft wéi Lëtzebuerg, géif dat awer eng vulnerabel Situatioun bedeiten, esou nach d’Sam Tanson vun déi gréng.
Den David Wagner vun déi Lénk stellt de Staatsbudget ënner Anerem am Kader vum Logement a Fro. Do géif a Realitéit nach ëmmer vill ze wéineg gemaach ginn, an dofir wier de Budgetsposte fir de Logement “just schwaarz Tënt op Pabeier.”
“Wat de Logement ugeet, ass dee Budget soss näischt wéi eng Mogelpackung. Dat wier vläicht net esou schlëmm, wann d' Regierung net esou lues bei den ëffentleche Wunnenge viru sech kriipse géif.”
Den CSV-Premier Luc Frieden hätt gerechent gehat, datt een 30.000 ëffentlech Wunnenge géif brauchen, sot den David Wagner. An deem Tempo an deem déi awer aktuell géife gebaut, ginn hätt en dat Zil awer eréischt an 173 Joer erreecht, esou nach den Deputéiert vun déi Lénk.
De Staatsbudget fir dat anert Joer gesäit fir den Zentralstaat en Defizit vun 1,49 Milliarden Euro a fir de Gesamtstaat e Minus vu 408 Milliounen Euro vir.