Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Melody Nelson Mandela

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CSSF: 38 Strofe goufen an de leschte 5 Joer u Banke verdeelt

Gesamtmontant vu 7,2 Milliounen Euro

CSSF: 38 Strofe goufen an de leschte 5 Joer u Banke verdeelt

D‘Finanziwwerwaachungsautoritéit CSSF huet an de leschte 5 Joer am ganzen 38 Strofen decidéiert, well Banken oder aner Finanzbetriber hir professionell Flichten am Kampf géint Blanchiment an dem Finanzement vun Terrorismus net respektéiert hunn.

auto_stories

1 min

Déi Strofen haten e Gesamtmontant vu 7,2 Milliounen Euro. Dat preziséiert de Finanzminister Gilles Roth an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéierter Sam Tanson. 

Si hat och Prezisioune gefrot iwwert den Delai vun esou Instruktioune bei der CSSF. De Finanzminister schreift, datt et an de leschte 5 Joer an der Moyenne 13 Méint laang gedauert huet, bis Entitéite vun der CSSF per Bréif iwwert eng administrativ Mesure oder Strof informéiert goufen, nodeems bei enger Kontroll Verstéiss géint d‘Flichten am Kampf géint Blanchiment an Terrorismusfinanzéierung festgestallt goufen.