Radioen

On air

Kannerradionuecht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CSL: Schwaachpunkten am Staatsbudget wat Aarmut a sozial Exklusioun ugeet

Avis vun der Salariatskammer

CSL: Schwaachpunkten am Staatsbudget wat Aarmut a sozial Exklusioun ugeet

E Budget, deen net um Niveau vun de sozialen Erausfuerderungen ass. Dat ass den Avis vun der Chambre des Salariés zum Staatsbudget 2024. Deen Avis gouf de Moie bei der CSL presentéiert.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Bei der Presentatioun vun deem Avis sot d’CSL-Presidentin Nora Back de Moien, datt de Budget fir dëst Joer en Iwwergangsbudget an domat kee ganz grousse Worf wier. Woubäi een als Salariatskammer awer och frou wier, datt dëse Budget kee Spuerbudget ass.

Et feelen Akzenter a Saachen Inegalitéit an Aarmut

Hiren Avis zum Staatsbudget hätt d’CSL unanim ugeholl, sou d’Nora Back. Déi positiv ervirgehuewen huet, datt op eng anti-zyklesch Budgetspolitik gesat gouf. Negativ wieren dogéint déi feelend Akzenter a Saachen Inegalitéiten an Aarmut.

“Obwuel déi nei Regierung gesot huet, datt dat eng vun hiren éischte Prioritéiten ass, gesäit een awer keng konkret Moossnamen an déi Richtung.“

A punkto Besteierung huet d’Presidentin vun der Chambre des Salariés notéiert, datt déi vun den Entreprisen erofgeet a bei där vun de Privatpersounen alles vage bliwwe wier.

Defiziter sinn normal

De Sylvain Hoffmann geet virop op déi ekonomesch Situatioun an. Opgrond vun der wirtschaftlecher Situatioun, ass d‘CSL der Meenung, datt d‘Budgetspolitik och d‘Ausgabe muss héichhalen:

„Engersäits fir d’Leit z’ënnerstëtzen an anerersäits och fir d’Investissementer héichzehalen, wat eben och wichteg ass fir déi zukünfteg Entwécklung vun der Ekonomie.”

Wat déi budgetär Situatioun betrëfft, wier et dem CSL-Direkter no normal, am Defizit ze sinn, wéinst ënner anerem der Pandemie an der aktueller geopolitescher Lag.

Lëtzebuerg misst e Musterschüler sinn

A Saachen Aarmut a sozial Exklusioun wier, well d’Zuel vu Leit mat deem Risiko staark geklommen ass, e Plang dogéint néideg.

“Am beschte misst Lëtzebuerg jo och do a sech Musterschüler ginn an déi niddregst Aarmutsrisikoen hunn, am europäesche Verglach.“

Wann ee sou eng staark Wirtschaft hätt, dierft een do net sou „am Mëttelfeld ronderëm dëmpelen“, fënnt de Sylvain Hoffmann.

An deem Kontext sollten ënner anerem d’Familljeleeschtungen, de REVIS, de soziale Mindestloun an d’Mindestrent gehéicht ginn. Ze bemierke wier nach, wéi de Sylvain Hoffmann betount huet, datt et um Niveau vun de Steieren enorm fiskal Gewënner fir Societéite gouf, déi allerdéngs net reinvestéiert gi wieren.

Upassung vun der Steiertabell

Wat d’Steieren ugeet, géif dem Direkter vun der Chambre des Salariés no d’Loft sou lues dënn gi fir Leit, déi menge géifen, eise Steiersystem wär gerecht. Villméi bräicht et Adaptatiounen. Dozou gehéiert ënner anerem eng weider Upassung vum Barème un d‘Inflatioun oder eng Entlaaschtung an der Steierklass 1.

„Mir sinn awer gläichzäiteg der Meenung, datt de Barème eng Kéier misst op de Leescht geholl ginn a méi gerecht och gemaach ginn, an deem Sënn, datt de Mindestloun erëm steierfräi gëtt, wat net méi de Fall ass am Moment.“

D‘CSL géif och feststellen, datt d‘Mëttelklass weider erofrutscht a manner Leit zu der Klass gehéieren. D‘Revenuen an der Mëttelklass géifen och par rapport zu den héije Revenuen ofhuelen. Dofir fuerdert d‘CSL, datt de Steierbarème eng méi héich Besteierung vun héije Revenue virgesäit.

An zu de Vuë vun der Chambre de Commerce op de Staatsbudget huet den Direkter nach erkläert, datt et e gutt funktionéierende Staat bräich. Doropshin huet de Jean-Claude Reding als Vize-President vun der CSL d’Fro an de Raum gehäit, ob de Staat da besser géif ginn, wann ee Leit do ofschafe géif.

Lauschterenplay_arrow